Mat enger spezieller Schutzschicht kënne Smartphones an Zukunft besser "gekillt" ginn.

Héich Temperature maachen net nëmmen de Mënschen ze schafen, och Smartphones hunn et am Summer schwéier. Sou kann een Handy bei héijen Temperature séier iwwerhëtzen. Iwwerhëtzung dierf allerdéngs net mat Keelt bekämpft ginn, den Handy an de Frigo ze stellen ass also keng gutt Idee.

Wann et sou richteg waarm ass, schweesse mir Mënschen, an dat sollen eis Handyen och geschwë kënnen. Kléngt vläicht e bësse skurril, ass awer d’Zil vu Fuerscher a China.

Déi experimentéiere mat Schutzschichte fir kleng mobil Geräter. Dës Schutzschichte kënne Fiichtegkeet aus der Loft späicheren an als Flëssegkeet nees ofginn, wann d’Betribstemperatur vum Handy klëmmt. Riets ass vun enger sou genannte MOF-Beschichtung kuerz MIL-1o1 (Cr). Ee gréngt Polver, dat besonnesch stabil ass, wann et Waasser opsaugt. D'Fuerscher hunn 3 Aluminiumsplackette mat ënnerschiddlecher Déckt domadder beschicht an hunn dës op eng waarm Ënnerlag geluecht. Dat méi beschicht gouf, dass d'Killwierkung ëmsou méi grouss war.

Doduerch bleift d’Gerät also méi laang kill. D’Gefor dass et bei staarker oder laanger Belaaschtung iwwerhëtzt oder ufänkt ze brennen, gëtt méi kleng.

Bei den Experimenter konnte speziell Beschichtunge d’Zäit bis zum Erhëtze vun Aluminiumbéi ëm dat Duebelt bis Véierfacht verzögeren.

Dat bescht Material fir Temperatur-ausgläichend Beschichtungen sinn de Fuerscher no sou genannte Metall-organesch Gerüstverbindungen. Déi ginn och scho bei Versich a Wüüste-Regiounen agesat, fir Fiichtegkeet aus der Loft ze sammelen. Allerdéngs sinn d’Materialien dofir bis ewell zimmlech deier. Et wäert also wuel nach daueren, bis mir all Handyhussen hunn, déi schweessen.