CNN Travel huet eng Lëscht publizéiert mat hirer Meenung no de beschte Stränn op der Welt.

Wien huet nach net eng Kéier drun geduecht bei dësem Wieder iergendwou op de Strand ze goen. Trotz wanterlechen Temperaturen soll et am Januar verschidden Plazen ginn, déi trotzdeem derwäert sinn. CNN Travel no soll zu Kent an England  de Dungeness Strand  immens schéi sinn zu dëser Joreszäit.

Am Februar steet den Awaroa aus Neiséiland an de Miami South Beach op der Lëscht.

Am Mäerz soll et um Ibusuki Strand a Japan wonnerschéi sinn.

Am Abrëll soll ee säi Wee bei d’Porto Moniz Lava Pools op Madeira fannen oder bësse méi down under op den Bondi Beach an Australien.

Am Mee gehéiert de Sant Sebastia Beach zu Barcelona zu deene schéinsten, zesumme mam Railay Beach an Thailand.

Wat de Summer méi no kënnt, wat et och méi a Richtung Mëttelmier geet. Am Juni gehéiert de Bonifacio Strand zu Corsica hei zu den Top-Destinatiounen zesumme mat der Horseshoe Bay op der Bermuda Insel.

Am Juli soll een dann an Europa bleiwen an zwar entweder an Däitschland op der Nordséiinsel Amrum oder an Italien op de Polignano a Mare.

Wann ee bëssi méi wäit fort wëll, kann een am August op de Butterfly Beach a Kalifornien oder op d’Seychellen.

Bësse méi kal, mee trotzdeem wonnerschéin ass am September d’Unstad Bay an Norwegen.

Am Oktober sollt een op Mauritius op den Pereybere Beach goen oder op de Koh Kood Strand an Thailand.

Wann een da wëll an d’Wäermt fortlafen, soll een dann am November op Madagascar goen oder op de Papagayo Strand op Lanzarote.

An zum Schluss nach den Dezember. Do steet natierlech Hawaii um Programm mam Ehukai Beach Park.