Wéi a villen anere Beräicher kommen och bei de Liewensmëttel ëmmer nees Trends op, op déi d'Foodies sech ënnert iech wuel all Joer freeën.

Trends kommen a ginn – esou kennt een et aus der Moudewelt. Ofgesinn dovunner, datt ee hei vill Suen ausgëtt an déi viru kuerzem nach als trendy klasséiert Kleeder am Schaf verstëbse léisst, ginn d'Trends an der Moud dacks richteg an de Portmonni. E bëssen anescht ass dat beim Iessen. Sougenannte Superfoods solle virun allem eppes bewierken: eng gesond a bewosst Ernärung.

Lauschtert eran!

Dat weist sech bei den Trends fir 2020. Et gëtt op Alternativen zu Zocker gesat an och planzlech Eewäissquelle stinn am Virdergrond. Fänke mer bei den Alternativen un: Dat klassescht Miel kritt Konkurrenz. Nieft de bekannte Varianten aus Mandel- a Kokosnossmiel soll all Foodie vun elo un och Miel aus Geméis an Uebst, zum Beispill Banannen, an der Kiche stoen hunn.

Wann dir e grousse Fan vun Hummus sidd da wäert deen nächsten Trend eppes fir iech sinn: cremege "Mus" aus Pois-chichen, Kürbis- oder Melounekären. Egal ob moies op der Schmier oder als Dip beim gemittlechen Owend mat Kollegen, et si Vitamin-Booster, déi iech mat ville gesonde Stoffer versuergen a bei deenen ee richteg zougräife kann.

Zocker ass a villen Iesswueren an och wann et gutt schmaacht ass et leider alles anescht ewéi gesond fir eis. A Moossen ass et natierlech net dramatesch, ma et kann een awer oppassen, d'Quantitéite kleng ze halen. Dofir setzt een 2020 op Alternativen ewéi den Nektar vun de beléifte "Süßkartoffeln" oder de Sirop vun de Käre vum Granatapel.

D'Kichen aus dem asiatesch-pazifesche Raum ass um Virmarsch. Exotesch Friichten ewéi d'Guave, d'Passiounsfruucht oder och d'Draachefruucht gehéieren zu de Superfoods 2020. Als grouss Neiheet gëtt d'Moringa Oleifera genannt, hei als sougenannte „Meerrettichbaum“ bekannt. Moringa liwwert vill Eisen, Kalzium, Magnesium a Vitamin C a gëtt deemno als dee Superfood 2020 gehandelt.