Mam Partner deelt ee villes, esou och d'Bett. Ma getrennte Schlofkummere solle besser sinn. Dat seet elo eng Etüd.

Et huet ee säi Stupp iwwert alles gär an et wëll een am léifsten all Minutt zesumme verbréngen. Natierlech huet een och Momenter an deenen ee sech op de Su geet, ma déif am Häerz wësse mer, dass mer ouni deen aneren net méi kënnen.

Sech ee Bett ze deelen ass bei Koppelen absolutt normal an dat mécht jo quasi jiddereen. Et ginn awer och Persounen déi schonn éiweg zesumme sinn a behaapten, dass getrennte Schlofkummeren dat ass, wat d'Bezéiung op Dauer um Liewen hält. Esou huet nämlech jiddereen eng Plaz fir sech kënnen zeréck ze zéien. E Raum, wou ee maache ka wat ee wëll, ouni Kompromësser mussen anzegoen.

Eng Etüd vun der Universitéit zu Wien vum Verhalensfuerscher John Dittami huet gewisen, dass Fraen niewent hirem Partner manner gutt schlofe wéi eleng. Se reagéiere vill méi sensibel op Beweegungen am Bett. Bei de Männer ass et ëmgedréint, déi schlofe souguer besser wann de Partner oder d'Partnerin niewendru läit.

Getrennte Schlofkummeren heesche jo net, net zesummen anzeschlofen oder net ze kuschelen. Et kann een trotzdeem nach wochelaang mateneen aschlofen, mat deem Ënnerscheet, dass ee sech hei aktiv dozou decidéiert. Dat mécht d'Zesumme-Sinn vill méi spannend an et léiert een d'Zäit méi ze schätzen. Mir huelen d'Presenz vum Partner net méi als selbstverständlech wouer an dat féiert op Dauer dozou, dass ee sech nach méi vu sengem Partner ugezu fillt.

Einfach mol sech méi Fräiraum loossen an d'Bezéiung net als selbstverständlech ugesinn, dann ass a bleift d'Léift och frësch.