Zënter Jore gëtt schonn driwwer geschwat, an e puer Deeg ass et elo esou wäit. Dann trëtt Groussbritannien ganz offiziell aus der EU aus.

Egal ob een dat elo gutt oder schlecht fënnt, fir ze verstoe wéi et dozou komme konnt, a wat eis all vläicht nach all an der Post-Brexit-Welt bevirsteet, musse mer eis d’Relatioun tëschent der EU an de Britten an der Vergaangenheet mol e bësse méi genee ukucken.

Lauschtert hei de Reportage:

D’Britten, dat ass e Fakt, ware schonn ëmmer skeptesch vis-à-vis vun der EU. Wéi de Virleefer vun der EU an de 50er Jore gegrënnt gouf, hu sech d’Britte fir d’éischt emol erausgehalen. Wéi et duerno awer an de 60er Joren der brittescher Ekonomie esou richteg schlecht goung, huet Groussbritannien op ee mol iwwert e Bäitrëtt nogeduecht – deen dunn och 1973 no laangem Hin an Hier passéiert ass.

Knapps an der EU, wollten d’Britte speziell Reegele fir sech aushandelen – eng Strategie déi si déi nächst 4 Joerzéngte konsequent ëmmer weiderverfollegt hunn. Bekannte Beispiller hei sinn zum Beispill, dass d’Britten den Euro net hu missen unhuelen an och net Deel vum Schengenraum sinn.

© pixabay.com

Trotz all dësen Extrawurschte sinn d’Kritiker vun der EU hei a Groussbritannien ëmmer méi aflossräich ginn. Fir deem Ganzen en Enn ze setzen huet den deemolege Premier David Cameron 2016 dunn e Referendum organiséiert. Hie war sech sécher, d’Britte wéilten an der EU bleiwen, mee huet sech um Enn béis verzockt. An de fréie Mueresstonne vum 24. Juni 2016 war du kloer: Mat enger Majoritéit vun 51,9% hunn d’Britte fir en Austrëtt aus der EU gestëmmt.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter