Et si bal 4 Joer hier, dass d’Britten fir en Austrëtt aus der EU gestëmmt hunn. Zënterhier ass hei op der Insel enorm vill geschitt.

D’Land gouf an dëse 4 kuerze Jore vun 3 verschidde Premiere regéiert. Dem David Cameron, dee fir de Referendum responsabel war. D’Theresa May, déi de Brexit verhandelen an organiséiere sollt – an dorunner gescheitert ass. An de Boris Johnson, deen elo zënter Juli 2019 an der Downing Street sëtzt an dofir gesuergt huet, dass de Brexit dës Woch dann och wierklech passéiert.

Lauschtert hei de Reportage:

Do dernieft hunn d’Britte quasi all Joer eng Kéier misse wiele goen. D’Parlamentswalen 2015 hunn dem David Cameron d’Majoritéit ginn, déi hien esou dréngend fir de Referendum gebraucht huet. 2016 du gouf et dee bekannte Brexit-Referendum. 2017 huet d’Theresa May sech béis verzockt andeems se virgezunne Parlamentswale gefuerdert huet an do hir Majoritéit verluer huet. 2018 goufen et Gemengewalen ier et 2019 fir d’Britte gläich 2 Mol an de Walbüro goung. Eng Kéier am Mee fir déi verhaassten Europawalen, an dunn nach eemol am Dezember fir alt nees virgezunnen Neiwale bei deenen de Boris Johnson eng absolut Majoritéit gewonnen huet.

© pixabay.com

Natierlech goufen et och nach aner Dramaen ewéi Mësstrauensvotten oder déi illegal Parlamentspaus, déi de Boris Johnson proklaméiert huet. Wann een dat alles esou zesumme kuckt, da versteet ee vläicht och als Aussestoenden e bëssen, wisou d’Britte – an och déi, déi eigentlech géint de Brexit sinn – et sat hunn a wëllen, dass dee ganzen Zirkus dës Woch endlech eriwwer ass.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter