Wann an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg Groussbritannien d’EU verléisst, dann ass dat besonnesch batter fir London.

Et war net onbedéngt eng Iwwerraschung, dass - als international Weltstad, déi kulturell, wirtschaftlech a gesellschaftlech vill vun den EU-Fräiheete profitéiert huet - quasi 60% vun de Britten hei zu London am Referendum géint en Austrëtt gestëmmt hunn. Vun 33 Quartieren huet sech nëmmen a 5 eng Majoritéit fir en Austrëtt ausgeschwat. Et ass also kloer, dass déi meeschte Londoner total géint de Brexit waren.

Lauschtert hei de Reportage:

Dat ass och haut nach ëmmer esou, mee no de Jore voller Ongewëssheet hu sech d’Londoner mëttlerweil domadder offonnt, dass och si dës Woch d’EU verloosse wäerten. Virum Parlament, wou déi lescht 4 Joren quasi permanent entweder fir oder géint de Brexit protestéiert gouf, ass net méi vill lass. Wann ee mat de meeschte Londoner iwwert de Brexit schwätzt, dann ass dat dacks eng traureg a bedréckend Diskussioun. Do iwwerrascht et net, dass een Drëttel vun de Britte seet, de Brexit géif si mental ëmmer nach enorm belaaschten.

© pixabay.com

Op der anerer Säit muss een awer soen, dass d’Londoner einfach net opginn. De Mantra "Keep calm and carry on" passt hei ewéi d’Fauscht op d’A. Wann also d’Stëmmung hei an der brittescher Haaptstad a Punkto Brexit vläicht grad a bësse bedréckt ass, da si sech déi meeschte Londoner trotzdeem sécher, dass dat alles just temporär ass. D’Hoffnung, dass Groussbritannien an Zukunft nees Deel vun der EU wäert sinn, ass bei hinnen enorm grouss.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter