E Freideg ass et esou wäit. No ville Joren mat politeschem Gestreits gëtt de Brexit endlech Realitéit. Mee wat passéiert den 31. Januar genee?

Fir d’éischt emol ass et wichteg ze wëssen, dass de Brexit theoretesch eréischt an der Nuecht op e Samschdeg ass. Um 23 Auer Londoner Zäit, wat Mëtternuecht zu Lëtzebuerg ass, trëtt Groussbritannien dann offiziell aus der EU aus.

Lauschtert hei de Reportage:

Zënter e puer Woche gëtt driwwer geschwat, de Big Ben – deen am Moment renovéiert gëtt an dohier net laut – fir dësen historesche Moment trotzdeem lauden ze loossen. Dat Ganzt soll anscheinend eng hallef Millioun Pond kaschten. Just, dass d’Klacken e puer Mol lauden.

A wa mer scho bei de Sue sinn, da kënnt vun e Freideg un offiziell eng kommemorativ 50 Pence Brexitmënz an den Ëmlaf. Op där steet, ganz ouni Ironie: Fridden, Wuelstand a Frëndschaft mat alle Länner.

Natierlech wier de Brexit net komplett, wann net och den Nigel Farage nees iergendzwousch opdauche géif. Hien huet eng mega Brexit-Party hei zu London virum Parlament geplangt.

Mee och wa sech déi meescht Leit domadder offonnt hunn, dass de Brexit elo wierklech stattfënnt, esou gëtt et awer trotzdeem nach Widderstand vu ville Leit. Esou beméit sech eng Grupp zum Beispill all d’Brexit-Mënzen anzesammelen an ze verstoppen.

Den Drama ëm de Brexit wäert also och no e Freideg nach laang net eriwwer sinn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter