Dëse Freideg ass Brexitdag. Um Mëtternuecht Lëtzebuerger Zäit trëtt Groussbritannien offiziell aus der EU aus.

Ween awer mengt, domadder wär de Brexitspuk endlech eriwwer, deen iert sech. Dee ganze Prozess huet nämlech 2 Phasen a vum 1. Februar u befanne mer eis offiziell an der zweeter Phas vum Brexit.

Lauschtert hei de Reportage:

Wou et an der éischter Phas ëm d’Scheedung goung, geet et an der zweeter Phas ëm déi zukünfteg Bezéiung tëschent der EU an de Britten. Mee och do deit sech elo schonn den éischten Drama un. Theoretesch soll dësen Handelsvertrag bis Enn des Jores stoen. De Boris Johnson huet héich an helleg versprach, dass dat de Fall wäert sinn. Mee och do demonstréiert hien eng méi flexibel Interpretatioun vun de Fakten. Änlech Verträg mat Länner ewéi zum Beispill Kanada hu 5 oder méi Joren gebraucht bis se komplett ausgehandelt waren

© pixabay.com

Et ass also zimmlech warscheinlech, dass de Brexit-Drama spéitstens Enn des Jores nees an déi nächst Ronn geet. Freet de Boris Johnson déi nächst Extensioun un, oder kënnt et schlussendlech dach nach zum haarde Brexit ouni Vertrag. Dorëms wäert et sech déi nächst 11 Méint dréinen. En Enn vum Brexit ass also nach laang net a Siicht.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter