Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder 

Sangria Wine – Pharell Williams, Camila Cabello

No enger manner gudder leschter Woch, sinn d’Stären dës Woch em sou besser, dës Woch soll da maache wat dir wëllt. Danzt, sprangt, laacht, et gëtt eng grandios Woch.

Stéier

Me Myself & I – G-EAZY, Bebe Rexha

Et ass Zäit just no iech ze kucken. Sidd dës Woch roueg e bëssen egoistesch, dir kuckt oft genuch no deenen aneren.

Zwilling

Stolz – Nicool

Dës Woch ass perfekt, fir d'Naivitéit of ze leenen. Fänkt un ären Alldag an är Matmënschen ze hannerfroen, da verännert sech alles an d’Positiivt.

Kriibs

Extra Fries – Ilira

D’Stäre soen iech "Lieft äert Liewen" - maacht alles wat iech glécklech mécht. Et bréngt näischt duerch een Alldag ze goen, dee méi schlecht ewéi gutt mécht. Bestellt iech eng Portioun extra Fritten a genéisst ären Dag. All Dag.

Léiw 

I could get used to this – Martin Jensen

Dir wäert dës Woch heiansdo d’Gefill hunn a bestëmmte Situatiounen net eran ze passen. Mee vergiesst de Gedanke ganz schnell. Et kann ee sech un alles gewinnen.

Jongfra 

In my mind – Dynoro

Dës Woch hu dir besser ze plangen. Et fänkt alles am Kapp un. Sortéiert är Gedanken an iwwerleet wou dir mat dëser Woch histeiere wëllt.

Wo

Roulette – Max Giesinger

Verschidde Matmënsche wäerte probéieren iech auszenotzen. Loosst är Gedanke kloer a loosst anerer net mat iech spillen.

Skorpioun 

I’ll be there for you – The Rembrandts

Dës Woch wäerten iech d’Stären oft op d’Knéien zwéngen. Och wann dir mengt, dass der ganz Ënne sidd, denkt drun, är Kolleege sinn ëmmer fir iech do.

Schütze

Shake it off – Taylor Swift

Dir kënnt et och dës Woch net jidderengem Recht maachen. Mee dat ass ganz normal! Ignoréiert d’Negativitéit a konzentréiert iech op dat Positiivt.

Steebock

Sweet Dreams – Eurythmics

No enger schlechter Woch gëtt erëm alles besser. Haalt äre Kapp uewen an denkt un déi schéi Saachen am Liewen.

Waassermann

Just got paid – Sigala, Ella Eyre

D’Suen si grad eréischt erëm um Compte ukommen. Dës Woch hu dir Besser net ze vill Suen auszeginn, et kënnt nach eng onerwaart Ausgab op iech duer.

Fësch

I want it that way – Backstreet Boys

Och wann eng Persoun iech an ärem Liewe verlooss huet, déi iech immens wichteg war, denkt drun dass et ëmmer weider geet. Dir sidd och eleng net kleng ze kréien.