Wie säi Gehier beim Léieren ënnerstëtze wëllt, sollt zu Doftstäbercher gräifen. Dat hu Fuerscher an engem Experiment getest.

Beim Léiere vu Sproochen ass fir vill d’Léiere vu Vokabelen am ustrengendsten an am nervegsten. Dat ass jo och net ëmmer sou einfach sech déi ze mierken. Dobäi kéint eng einfach Technik engem hëllefen dass een d’Vokabele méi séier léiert respektiv sech dës besser mierkt.

Experiment mat Rousendoft

Fuerscher vun der Uni Freiburg hunn an engem klengen Experiment den Asaz vu Rousendoft ënnersicht. 54 Schüler hu beim Experiment matgemaach. Si hu wärend dem Léieren a wärend dem Schlofe Rousendoft gericht, dat heescht am Raum wou se waren, goufen Doftstäbercher higestallt.

Dobäi huet sech erausgestallt, dass déi Schüler déi beim Experiment matgemaach hunn, eng Woch méi spéit beim Vokabel-Test besser Punkte kruten, wéi déi di net beim Test matgemaach hunn.

De Fuerscher no wier den Doft vu Rousen net nëmme beim Léieren, mee och am Schlof wichteg gewiescht. An d’Erklärung ass, dass a bestëmmte Schlofphasen eist Gehier nei Saache wéi Vokabelen an d’Laangzäit-Gediechtnes verréckelt an dat géif ebe besser klappe wann een dat mat Geroch koppelt.

Dofter ersetzen d'Léieren net

Ob dat elo just mat Rousendoft funktionéiert, geet aus dem Experiment net ervir. Hei huet ee jiddefalls just mat Rousendoft getest. Méiglech wier also, dass et och mat engem aneren Doft klappt.

Fuerscher schaffe scho méi laang dorunner, erauszefannen, wéi mir eist Gehier a Léierphasen ënnerstëtze kënnen. Virun dëser Etüd gouf et schonn aner Experimenter, bei deenen Testpersounen wärend dem Léieren oder wärend relevante Schlofphasen, Doft-Reizer ausgesat goufen. Dat gouf allerdéngs a Laboe getest. D’Fuerscher hei wollten déi bekannten Effekter elo och fir Situatiounen baussent dem Labo noweisen.