Wéi kann ee ganz geziilt säin Dag esou verbréngen, dass een owes Doheem ass a sech seet:,, Haut war definitiv e perfekten Dag!''.

En amerikaneschen an en däitsche Fuerscher hu Ronn 900 beruffstäteg Persoune befrot wéi hire perfekten Dag ausgesäit. Méi konkret, se hu missten ugi wéi vill Zäit se an engem Dag mat wéi engen Aktivitéite verbruecht hunn a wéi agreabel se déi empfonnt hunn. D'Resultat ass am ''Journal of Economic Psychology'' verëffentlecht ginn.

Natierlech kann een dat net globaliséieren, ma et ass awer scho mol eng Iddi wéi ee perfekten Dag eventuell kéint ausgesinn. Dozou gehéiert virun allem mol eng Sieste vu 46 Minutten, 55 Minutten Tele a ganz wichteg 78 Minutten Entspanung. Do gesäit ee scho mol direkt, dass déi Zäit an der ee seng Rou huet e wichtegen Deel ass fir am Dag zefridden ze sinn, ma eppes gehéiert och dozou an zwar 73 Minutte bieden oder meditéieren, sozial Kontakter vu mindestens 82, telefonéiere mindestens 57 an Zäit mat de Kanner verbrénge 46.

Wat hei opfält ass, dass eng Alldagsaktivitéit ni iwwert 1 an ½ Stonn eraus geet. D'Fuerscher begrënnen dat esouguer mat der Ausso, dass de Spaass un enger Aktivitéit an deenen éischten 90 Minutte bei wäitem am héchste wier.

Den Donnéeën no verbréngen d'Leit also am Léifsten Zäit mat hirem Partner, de Kolleegen oder mat entspanen. Dëst Liblingsaktivitéite sinn alleguer zimmlech kuerz vun der Dauer hier, mee si gläichméisseg iwwert de ganzen Dag verdeelt.

Kuerz gesot, fir e perfekten Dag ze hunn, muss ee sech Zäit huele fir seng Liblingsbeschäftegungen. Wichteg ass hei just net iwwert 1 an ½ Stonn eraus ze goen an dann dierft engem perfekten Dag näischt méi am Wee stoen.

Lauschtert eran