Op enger pakistanescher Uni gouf ee Lëppestëft-Verbuet ausgeschwat. Dat wëllen sech d'Fraen am Pakistan awer net gefale loossen.

Op enger Uni am Pakistan gouf elo een Lëppestëft-Verbuet fir Studentinnen ausgeschwat. An dat Verbuet suergt de Moment fir vill Kritik an de soziale Medien a bei Aktivistinnen.

Konkret geet et ëm eng nei Virschrëft fir Fraen op der Héichschoul vun Azad Jammu a Kaschmir. Hei dierfe Frae lo kee Lëppestëft méi benotzen. D'Direktioun vun der Uni huet awer kee Grond fir d'Verbuet genannt an d'Verbuet per Schreiwes matgedeelt. Notzer an de soziale Medie bezeechnen dat als "ee Schrëtt no hannen"an "Ënnerdréckung". Dës nei Veruerdnung gëtt och vun Aktivistinne schaarf verurteelt. Et wëll een sech dat deemno net gefale loossen.

Virun e puer Méint gouf et schonns Opreegung am Pakistan wéinst enger änlecher Decisioun. Am Nordweste vum Land sollten sech Schülerinne schonn vun der 1. Klass u vollverschleieren.

D'Autoritéiten haten hei argumentéiert. dass dat d'Meedercher viru sexuellen Iwwergrëffer schütze sollt. Well et Protester gouf, gouf dës Virschrëft awer nees zeréckgezunn.