Zënter dem 1. Januar gëllt a ganz Däitschland Keesenziedel-Flicht. Ee Bäcker aus Bayern huet sech elo eppes méi Spezielles afale gelooss.

Zënter dem 1. Januar gëllt déi nei Flicht bei eisen däitschen Noperen. Fir all Akaf muss den Ticket, op deem de Präis vum kaafte Produit dropsteet, eraus geprint ginn. Heescht, wann een och just eng Mëtsch oder e Bréitche beim Bäcker keeft, muss dësen e Bong eraus printen. Mat der Mesure soll Steierbedruch am Eenzelhandel verhënnert ginn. Ma d'Moossnam gëtt vill kritiséiert an ee Bäcker ass elo op eng méi speziell Iddi komm: Den Ticket a seng Iesswuer z'integréieren.

Wärend jidderee sech opreegt, an dat berechtegt, ass de Ludovic Gerboin, Bäcker an der Gemeng Moossinning net wäit vu München ewech, kreativ ginn. Den 42-Järegen huet e Keesenziedel aus Zocker kreéiert, an dee mat engem Liewensmëtteldrucker op d'Iesswuere gepecht. Wat op den éischte Bléck echt ausgesäit, ass a Wierklechkeet eng weider lecker Séissegkeet. Wéi et vum Bäcker heescht, géif d'Aktioun immens gutt bei de Clienten ukommen.

Lauschtert eran!

Esou géifen iwwer 200 sougenannte "Krapfen" den Dag iwwert d'Théik goen. Normalerweis géif de Betrib just ee Véierel dovu verkafen. Déi iessbar Tickete ginn et während der Fueszäit, duerno soll d'Aktioun awer nees agestallt ginn. Et misst ee sech jo trotzdeem un d'Flicht halen, esou eng Verkeeferin vun der Bäckerei géintiwwer dem däitsche "Spiegel". Ma awer gëtt wéi vu villen anere Betriber d'Flicht kritiséiert. Esou géif een all Dag eng ganz Poubellestut gefëllt kréien.