Keen Alkohol ze drénken ass voll am Trend. A Baren an deenen ee keen Alkohol kritt fänken un sech duerchzesetzen – op d'mannst an anere Länner.

Wie Bar seet, dee seet och Cocktail, Whisky, Rum, Béier a Wäin. Op d'mannst war dat bis elo esou. Ma et entwéckelt sech de Moment en Trend, bei deem wuel deen een oder anere Barkeeper de Kapp wäert rëselen – an zwar déi sougenannte Sober Baren. Iwwersat heescht dat esou vill wéi "niichter Bar", also eng Bar an deen ee keen Alkohol kritt.

Lëtzebuerg an den Alkohol
Eréischt de leschte Freideg gouf den nationalen Alkoholplang fir déi nächste 4 Joer guttgeheescht. Während den Alkoholkonsum bei Erwuessenen zu Lëtzebuerg e grousse Problem duerstellt an ausser an Dänemark a Rumänien néierens esou vill Alkohol gedronk gëtt wéi zu Lëtzebuerg, kënnt Alkoholesches bei Jonken ëmmer manner gutt un.
An et ass deemno net verwonnerlech, dass vill Leit Alkohol an der Tëschenzäit komplett verdäiwelen – an dat net nëmmen als gutt Virsaz während dem éischte Mount no Silvester.

Bistroen a Baren an deenen een alkoholfräie Béier a Cocktaile kritt ginn et scho laang. Där an deenen een awer guer keen Alkohol kritt, déi si seelen.

Den alkoholfräie Béier war gëschter
Natierlech et gi Restauranten hei am Land, déi de sougenannten „droit au bouchon“ applizéieren, d.h. de Restaurant selwer verkeeft keen Alkohol, et kann ee säin eegene matbréngen, dofir muss een awer fir d'Recht bezuelen, seng Fläsch matzebréngen. Ma d'"Sober Bars" ginn et anescht un.

Well et jo an der Tëschenzäit vu Béier a Wäin iwwer Schampes bis hin zu Gin, Whisky, Rum a Wodka alles och ouni Alkohol gëtt, huet een u sech eng voll Kaart an och déi verrécktste Cocktailen, dat awer eben ëmmer mat 0 Promill.

Vegan, nohalteg, bio, gesond an alkoholfräi
Wéi gesot, zu Lëtzebuerg an och an eisen Nopeschlänner konnt den Trend, deen an den USA, ma och an Irland an an England scho konnt Fouss faassen, sech nach net duerchsetzen. Wourun dat genee hänkt, doriwwer diskutéieren Experten. Eng Erklärung ass, dass Alkohol, virun allem Wäin a Béier staark an eiser Geschicht verankert sinn an e staarke Stellewäert hunn. Ma ass dat net och op anere Kontinenter an an anere Länner esou?

Dacks promouvéieren d'"Sober Bars" och an anerer Hisiicht e gesonde Liewensstil. A grad bei Leit, déi vill erausginn, dobäi awer op Alkohol wëlle verzichten a vill Wäert op hir Gesondheet leeën, schéngen déi niichter Bare Succès ze hunn.