E Flirt, deen an eiser Zäit net och iwwer WhatsApp leeft, gëtt et bal net méi. Ma beim Schreiwe kann ee ganz vill falsch maachen.

Heiansdo geschéien déi schéinste Saachen am Liewen aus puerem Zoufall. Villäicht sicht een als Single scho säit Joren nom richtege Partner an dat ouni Erfolleg. Bemol aus dem Näischt taucht eng Persoun op déi engem total de Kapp verdréint, et tauscht een d'Nummeren aus an dann heescht et: Elo nëmmen näischt Falsches schreiwen.

Dat ass allerdéngs net esou einfach, well ganz vill Leit vergraulen hire Schwarm duerch d'Aart a Weis, wéi se der Persoun schreiwen. Dacks iwwerleet ee sech 6 Mol ob ee soll waarde bis deen anere sech mellt oder ob ee selwer fir d'éischt schreiwe soll. Gedanken iwwer Gedanken. Hei e puer Tipps, wéi et mam Flirten iwwert WhatsApp klappt.

Fir d'éischt ass et wichteg engem net einfach ''Hey'' ze schreiwen. Dat ass extrem onperséinlech, kënnt oninteressant eriwwer an ass och kee gudden Astig an e Gespréich. Ideal ass et eppes opzegräifen, wat een zesummen erlieft huet, esou ass een direkt am Gespréich dran an et stäerkt een d'Verbindung.

Genau esou wichteg ass et dem Schwarm keng Romaner ze schreiwen. Wann een sech nach net laang kennt an der Persoun riseg Message schéckt an engem säi ganzt Liewen zielt, dann ass den Interessi relativ séier fort. Et ass jo grad spannend, wann de Schwarm sech e bësse rare mécht an ee sech muss investéieren, fir dass och eppes zeréck kënnt. Hei ass et besser méi kuerz Messagen ze schécken an esou eng méi laang Conversatioun ze féieren.

An net ze vergiessen ass d'Rechtschreiwung. Ok, et ass WhatsApp oder Facebook-Messenger a keng Demande fir en neien Job, ma trotzdeem kënnt et schlecht u wann een tonne Feeler a sengen Texter huet.

Esou dierft an Zukunft beim Flirten net méi vill schif goen.

Lauschtert eran