Bei deene klengsten Turbulenze geet deene meeschte schonn de Schweess aus. Genee dës Erfarung bitt eng Firma un: e Fliger-Crash simuléieren.

Déi eng klammen an de Fliger a maachen sech net vill Gedanken. Anerer kréie scho beim Ukommen um Fluchhafen déi éischt Panikattacken. Ze fléien ass net jidderengem senges, dat ass kloer. Ma dat wat een am meeschte bei esou Reese fäert, ka mat engem Simulator zu engem gewëssene Mooss Realitéit ginn: mat engem Fliger eroffalen.

Lauschtert eran!

Wéi een a Videoen an op de verschiddenen Online-Sitte vun der Entreprise gesäit, gëtt d'Simulatioun an enger Aart Container a kompletter Däischtert duerchgefouert. All Besicher kritt nach Kopfhörer – méi brauch de Projet mam Numm "Darkfield" net, fir eng Doudangscht bei de Leit ze provozéieren an datt si e Fligerongléck esou realistesch ewéi méiglech erliewen.

Hannert dem Fluch-Simulator verstoppt sech eng sougenannten immersiv Performance. Bannen am Container ass déi ganz Kabinn vun enger Boeing 707 nogebaut ginn. D'Konstruktioun soll an éischter Linn dofir suergen, datt ee sech un d'Situatioun upasst, well konkret gëtt dat Ganzt iwwer Toun verstäerkt.

Den Zuschauer muss awer net onbedéngt duerch deen Horror-Zenario goen: Wéi online ze liesen ass, géifen et zwee méiglech Schlusse vun der Simulatioun ginn: Entweder fält ee erof oder et kënnt ee sécher um Buedem un. Datt béides méiglech ass, mécht déi ganz Experienz wuel fir vill Leit nach méi spannend – anerer wäerte sech froen: Wie wëll esou eppes materliewen?