Déi meescht denke wuel net drun, ma a ville Stied an der EU ginn et Aschränkunge fir Dieselen awer och fir Bensinner.

Zanter den éischte Fuerverbueter fir Diesel-Autoe muss een sech, wann een e klenge City Trip plangt, och ëmmer domat beschäftegen, ob ee mat sengem Auto iwwerhaapt an d'Stad eran dierf, fir bei säin Hotel ze kommen. An d'Situatioun ass oniwwersiichtlech, well an all Stad, déi esou e Verbuet huet, d'Bestëmmungen anescht a meeschtens och lokal begrenzt sinn.

Verbueter nëmme ganz lokal
Vill Leit maachen sech iwwer d'Fuerverbueter fir bestëmmten Autoen net ze vill Gedanken. Ma och wann een net wousst, dass e Fuerverbuet besteet, bezilt een. Esou z.B. zu Berlin. Ma d'Verbuet gëllt net iwwerall a fir all Auto. Betraff sinn Deeler vun 8 Stroosse fir d'Autoe mat der Diesel-Ofgasnorm 1 bis 5. 20 Euro kascht et, wann een awer do erwëscht gëtt.
Bleiwe mir an Däitschland, zu Hamburg bezilt ee 25 Euro, wann ee mat engem Diesel mat der Ofgasnorm 1 bis 5 an der Max-Brauer-Allee erwëscht gëtt.

Zu Wien ass et fir d'Emissiounsklassen 0, 1 an 2 verbueden ze fueren, an den Ëmweltzonen zu Bréissel sinn d'Diesele vun den Emissiounsklassen 0 bis 3 an d'Bensinner vun der Klass 0 bis 1 betraff - an dat de ganzen Dag iwwer.

Crit'Air fir franséisch Stied
A Frankräich ass et dogéint schonn erëm e bësse méi komplizéiert. D'Ëmweltzonen ënnerleien do lokalen Ënnerscheeder an trieden dacks nëmme bei Smog-Alarm a Kraaft.

Huele mir awer als Beispill Paräis, da gëllt do eng dauerhaft Ëmweltzon, fir déi een eng Ëmweltplackett brauch. Komplett verbuede si Bensinner vun de Klassen 0 bis 1 an Diesele vun der Klass 0, 1 an 2 an am Stadzentrum souguer vun der Klass 3.

Zu Madrid, besser gesot am Zentrum vun der Stad hunn Diesele vun der Emissiounsklass 0 bis 3 a Bensinner vun 0 bis 2 näischt ze sichen, och hei gëllt dat 24 op 24 Stonnen all Dag.

Virdrun informéieren, oprëschten oder nei kafen
Et gi vill weider Stied an deenen Autoe mat bestëmmten Emissiounswäerter zäitweis oder komplett verbuede sinn. Et lount sech also duerchaus schonn ier een an eng Stad fiert ze kontrolléieren, ob a wou een dat iwwerhaapt dierf.
Dacks ginn et awer och Ausnamen, z.B. fir Hotellen an deenen hir Clienten.

Wien net op säi Gléck wëllt vertrauen, dee muss sech wuel oder iwwel drun halen, säin Auto norëschten oder en Auto mat der neier Euro6d-Norm kafen.