De Brexit huet enorm Konsequenze fir Groussbritannien a ganz Europa. Och d’Museker bleiwen net verschount.

Di meescht Museker sinn net begeeschtert. Bands wéi alt-J, Honne, Glass Animals hate sech am Virfeld kloer géint de Brexit positionéiert. Den Damon Albarn, Sänger vun de Gorillaz an The Good, The Bad & The Queen hat esouguer ee ganze Brexit-Album opgeholl.

Och de Peter Doherty rechent wéinst dem Brexit mat bürokratesche Problemer. A senger Band ass hien den eenzege brittesche Staatsbierger an domat och deen eenzegen, dee sech bei Optrëtter ausserhalb vu Groussbritannien mat den Autoritéite muss ploen.

Zousazkäschten vu bis zu 1000 Pond

Di brittesch Museksindustrie fäert effektiv virun allem negativ Konsequenze fir Bands, déi Concerten am Ausland spillen. Gerechent gëtt mat Zousazkäschten vu bis zu dausend brittesche Pond d’Joer - ënner anerem wéinst der Douane, zousätzleche Versécherungen a méi héijem administrativem Opwand.

Fir di grouss Bands kee Problem, awer vrun allem deene méi klénge Bands an Newcomer, kéint dat ee fette Stréch duerch hire Plang maachen, och ausserhalb vu Groussbritannien Concerten ze spillen.

De Brexit huet awer och Repercussiounen op brittesch Bands, déi net an d’EU reesen. Vill jonk brittesch Newcomerbands goufen nämlech an der Vergaangenheet vun der EU finanziell ënnerstëtzt, déi Hëllef fält an Zukunft ewech.

Sue ginn ausserhalb vu Groussbritannien verdéngt

Groussbritannien gëtt parallel dozou warscheinlech och fir  Bands aus der EU manner attraktiv. Manner Concerte a manner héich Steieren – dat kéint bedeiten, dass di brittesch Museksindustrie als eng vun de wichtegste vun der Welt manner Ëmsaz mécht.