Eng Frëndschaft huet vill Facetten. Ma Frëndschafte sinn awer net ofhängeg vum Geschlecht. Oder?

Eng Frëndschaft besteet zu 100% aus Vertrauen, Frëndlechkeet an deem selwechten Humor.

Nee, dat kënnt an de mannste Fäll vir an dat ass och net schlëmm: Wat méi ënnerschiddlech, wat besser, géifen anerer soen. Esou oder esou, all Frëndschaft ass eenzegaarteg, se huet hir Ecken a Kanten, ma dacks ass een awer och där nämmlechter Meenung.

Dat ass bei jidderengem ganz verschidden, ma léisst een de Charakter vun de Léifsten op der Säit, da bleift d'Geschlecht vun der jeeweileger Persoun. Wien huet dann déi besser Frëndschaften - Fra oder Mann? Mir hu bei iech nogefrot.

Lauschter eran!