Fréier hat all Haushalt ee Fax. Elo fënnt een nach kaum een.

Kuckt ee bei de Leit doheem, do fënnt een sou gutt wéi iwwerall ee Printer oder ee Scanner oder eng Kombinatioun vu béidem. Eng Televisioun fënnt een och nach. Ma e Fax oder een Haustelefon fënnt een éischter seelen.

Kuckt een sech am Internet Ëmfroen a Videoen un, dann héiert een ëmmer nees, virun allem vu jonke Leit, dass se d'Wuert Fax oder d'Gerät selwer guer net kennen.

Mir si raus op d'Strooss gaangen an hu virun allem déi Jonk gefrot, ob si wësse wat ee Fax ass.

Lauschtert hei d'Äntwerten: