Hat ass blond, huet laang Been an eng perfekt Figur. Dat ass d'Bild, dat jidderee vum Barbie am Kapp huet. Déi nei Modelle stinn dogéint fir Diversitéit!

Eng vun deenen am meescht verkaafte Poppen iwwerhaapt ass d’Barbie. A wann een un d’Barbie denkt, da kënnt engem direkt dat vermeintlecht Schéinheetsideal vun der grousser blonder Fra mat laange Been a perfekter Taille an de Kapp. Ma elo huet den Hiersteller Mattel e weidere Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach. Diversitéit ass d’Stéchwuert.

De Poppenhiersteller stoung jo scho méi laang an der Kritik. D’Bild, dat si mat der Kult-Popp géife verbreeden, wier guer net der Realitéit entspriechend. Dat ass jo effektiv net de Fall. An dat ass och gutt esou: Jiddwereen ass anescht an huet seng ganz eege Stäerken. Et muss net all Fra (an och Mann) Model-Moossen hunn. Haaptsaach et fillt ee sech gutt. An dat gëtt elo och mat deenen neiste Barbie-Poppe vermëttelt, déi um Dënschdeg zu Nürnberg op der Foire fir Spillsaache virgestallt goufen.

Des Villfalt dréckt sech op ganz verschidde Weeër aus. Sou gouf eng Popp mat der Hautkrankheet Vitiligo virgestallt. D’Designer hunn dobäi mat Dermatologen zesummegeschafft. Virbild war wuel dat kanadescht Model Winnie Harlow, dat aus der Krankheet seng Stäerkt a säi Markenzeeche gemaach huet. Donieft gëtt et elo eng Popp ouni Hoer an eng Barbie vun donkeler Hautfaarf mat Beeprothees.

Ma och de Ken, dem Barbie säi männleche Pendant a Stereotyp vum perfekte Mann, krut en Update. Hie gëtt et elo mat laangen Hoer a mat Batik-Shirt, schéi faarweg. Eng Mëschung aus Hippie a Surfer.

Kritik gëtt et trotzdeem: Net well een un de Poppen eppes auszesetzen huet, ma well Mattel nees vill ze spéit dru wier. Schonn d’Barbie am Rollstull, déi d’lescht Joer erauskoum, wier vill ze spéit op de Marché komm.

Wéinstens ass e positiven Trend ze erkennen an et kënnt lues a lues zu engem Ëmdenken.