Nieft Länner déi hir Bierger aus Wuhan ausfléien a Fluchgesellschaften, déi hire Betrib upasse ginn et och gutt Noriichten a Saache Coronavirus.

Zanter Deeg dominéiert d'Thema d'Noriichten – de Coronavirus breet sech aus an huet an der Tëschenzäit och eis Nopeschlänner erreecht. An esou sinn och a ville Länner d'Sécherheets-Mesuren ugelaf fir d'Ausbreedung vum Virus ze verhënneren oder ze bremsen. Ma och d'Aarbecht un engem Impfstoff a besseren Tester lafen an der Tëschenzäit op Héichtouren.

Reeswarnung an eisen Nopeschlänner
Fir d'éischt ass emol ze soen, dass d'Ausseministère vu Frankräich, Däitschland an der Belsch eng deelweis Reeswarnung fir China, am Besonneschen an d'Provënz Hubei, erausginn hunn. De Lëtzebuerger Ausseministère verweist jo wat Reeswarnungen ugeet op eis 3 Nopeschlänner, d'Warnung, net a China ze reesen, wann et net néideg ass, dierft deemno och fir Lëtzebuerg gëllen.

Natierlech gëtt awer weider gereest, ma vill Fluchgesellschaften hunn hir Flich vun oder a China elo reduzéiert, ganz annuléiert oder hunn hire Service den Ëmstänn entspriechend ugepasst.

Mondschutz fir Personal a Fligeren
British Airways z.B. flitt de Moment guer net méi tëscht Groussbritannien a China hin an hier. Och d'Lufthansa huet de Mëttwoch ugekënnegt all d'Flich a China bis den 9. Februar ze annuléieren.

An da ginn et där, déi hire Service zeréckgefuer hunn, d'Passagéier opfuerderen hir eege Fläsche matzebréngen, keng Këssen oder waarmt Iesse méi ubidden, Desinfektiounsmëttel prett stellen, de Fliger deels desinfizéieren oder dem Personal u Bord de Mondschutz erlaben.

An da fänke jo och verschidde Länner un hir Bierger aus China, respektiv aus Wuhan auszefléien, esou z.B. Japan a Frankräich. Anerer denke schonn un ähnlech Aktiounen.

Iwwer 6'000 Infektiounen an 10'000 Verdachstfäll
Bis ewell sinn um Virus eleng a China iwwer 6'000 Leit erkrankt, d'Zuel vun den Doudegen ass op 132 geklommen. Dobäi kommen iwwer 10'000 Verdachtsfäll.

E Liichtbléck gëtt et awer: australesch Fuerscher vum Doherty Institute zu Melbourne konnten de Virus ziichten. Elo soll zesumme mat der WHO an aneren Instituter un engem Impfstoff geschafft ginn. Den am Labo geziichte Virus kann iwwerdeems och fir d'Entwécklung vun engem Antikierpertest benotzt ginn.
Domat kënnen dann déi Leit op de Virus getest ginn, déi en zwar schonn a sech droen awer nach keng Symptomer weisen.