Zënter Jore ginn a bestëmmte Regiounen ëmmer déi nämmlecht Drauwenzorten ugebaut. Ma wéinst der Hëtzt kéint et ze waarm ginn.

Mir erliewen ëmmer méi dacks extrem Wiederkonditiounen. Grond ass de Klimawandel, dee vill Beräicher vum Liewe beaflosst. Ma och de Wäibau wier dovunner concernéiert. Genee där Meenung si Fuerscher, déi hir Etüd am "

" verëffentlecht hunn.

Lauschtert eran!

Gewosst ass, datt Drauwenzorten extrem empfindlech op klimatesch Changementer reagéieren. Zemools d'Hëtzt huet e groussen negativen Afloss. Fir dat ervirzehiewen, goufe verschidde Riewe vun enger bestëmmter Zäitperiod (1956-2015) a Punkto Bléi oder och wéini se zeideg waren ënnersicht. Verglach goufen dës Opzeechnunge mat deene vum Wieder vun 1880 bis 2013.

Erauskoum, datt bei enger Hausse vun der Temperatur vun 2 Grad déi Regiounen, déi eigentlech fir de Wäibau gëeenegt sinn, ëm 56% manner ginn – falls sech d'Zesummesetzung vun den Drauwenzorten net ännert. Heescht, déi bestoend Zorte kënne sech nëmme schlecht un déi nei klimatesch Konditiounen upassen.

D'Wënzer sollen deemno aner Zorten ubauen, déi sech bei méi waarmen Temperature besser entwéckele kënnen. Eng direkt Konsequenz fir de Verbraucher wier also, datt verschidde Wäinzorten duerch anerer ersat ginn. Am franséische Bourgogne géif da kee Pinot Noir méi, mee e Mourvèdre oder e Grenache ugebaut ginn.

Eng aner Méiglechkeet wier den Ubau vum Pinot Noir an eng aner Géigend ze verleeën, an där sech dës Drauwenzort besser upasse kann, respektiv wou méi kill Temperaturen dominéieren. Dat ass also den Challenge, a Regiounen, an deenen ëmmer déi nämmlecht Zorten ugebaut goufen. Ergo et brauch Leit, déi aner Zorten aus hire léifste Regiounen och drénke géifen.