Männer, déi reegelméisseg mat Kolleegen een drénke ginn, profitéiere gesondheetlech dovun. Dat awer natierlech net wéinst dem Béier.

Wéi seet een: Legendär Geschichte fänken ni mat enger Zalot un. Fir dat awer mol direkt kloer ze stellen: De Konsum vun Alkohol ass definitiv net dee gesonden Deel, wann ee mat senge Kolleegen e Béier drénke geet. Vill méi ass et de soziale Charakter vu sou enger gemittlecher Ronn, déi den Entwécklungspsycholog Robin Dunbar a säi Fuerscher-Team vun der Oxford University interesséiert huet.

Männer, déi sech op mannst 2 mol d’Woch mat Frënn treffen, fir zesummen eppes ze ënnerhuelen, si generell méi gesond an si erhuele sech och méi séier, wa se awer mol bis krank ginn. Gläichzäiteg ass de Risiko vun enger Depressioun méi kleng, wéi bei Männer, déi hier sozial Kontakter net esou reegelméisseg fleegen.

An esou Momenter, fillt ee sech mat sengen "Homies" verbonnen - mol eng Kéier net iwwer Instagram. An dat bréngt sou munches mat sech: D’Glécksgefill an d’Selbstwäertgefill ginn erop an de Stress geet erof. All déi Virdeeler spigele sech an enger besserer kierperlecher Verfassung erëm. Natierlech profitéiert och d’Frëndschaft an dat wierkt sech positiv op d’Liewensqualitéit aus.

De Fuerscher no wier et awer guer net esou wichteg, wéi eng Aktivitéit een ënnerhëlt, soulaang ee physesch beieneen ass. Mat Frënn online zocke bréngt also net dee selwechten Effekt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Elo kéint ee sech denken: Wat méi Frënn dobäi sinn, wat besser. Falsch! A Gruppe vu méi wéi 5 Leit gëtt manner spontan gelaacht. A wéi heescht et: Laachen ass gesond.

E klengen Hoke gëtt et awer: D’Etüd gouf vun der Brauerei Guinness finanzéiert. Dofir sinn d'Resultater och net iwwerraschend. Dir kënnt awer och einfach Waasser bestellen. De sozialen Effekt bleift, an dir hutt den Dag drop keen Hangover.