Ob dobannen oder dobaussen - mat dësen Aktivitéite gëtt iech och am Wanter net langweileg!

Et kuckt ee moies aus der Fënster, gesäit de gro-naasse Misär dobaussen a scho wéilt een nees ënnert d’Bettdecke krauchen. D’Wieder den Ament motivéiert ee wierklech net dozou aus dem Haus ze goen, ma wann een da mol eppes starte wëll da kënnt natierlech d’Fro : „A wat solle mer maachen?“

Am Fong kënnt der alles maachen, ok am Reen op eng Terrass sëtze goe géife mir iech elo net empfeele mee wéi wier et mat engem Picknick? Nee keng Angscht mir schécken iech elo net raus an de Bulli - Raumt äre Living e bëssen ëm a bereet alles fir en normale Picknick am Summer vir, mam Ënnerscheed, dass der d’Decken doheem op de Buedem leet. Da loosst der Natur-Geräischer am Hannergrond lafen a luet är Frënn an. Déi wäerten ufanks villäicht komesch kucke bei där Propose, ma spéitstens no den éischte Snacks wäerten och si am richtege Feeling sinn.

Wann der eppes méi Aktives mat äre Frënn wëllt maachen, da sinn "escape rooms" dat richteg fir iech. Hei gitt der weder naass, nach kal an trotzdeem gëtt iech net langweileg. Grad zu Lëtzebuerg sinn an deene leschte Joren ëmmer méi vun dëse Raim opgaangen, e grousse Choix hutt der do op alle Fall.

Wie wierklech kee Schrëtt aus dem Haus maache wëll an trotzdeem Fan vu Spannung ass, dee kann e Krimi-Dinner organiséieren. Hei kënnt der iessen, gemittlech beienee setzen an trotzdeem gëtt et e ganz aneren Owend wéi soss. Ëmmerhi "schlüpft" hei jiddereen an eng aner Roll an zesumme gëtt da gerätselt.

Fir méi Speed, méi Muskelkater oder méi Spaass kënnt der och an Hale goen, déi extra fir "indoor adventures" ausgeriicht sinn. Beim Kart fuere kënnt der esou zum Beispill richteg Gas ginn, beim "Bouldere" kënnt der iech auspoweren an da ginn et nach Trampolinhalen an deenen der esou laang op an of sprange kënnt bis d’Loft iech ausgeet.

Lauschtert eran

Ma zu gudder Lescht sief gesot, mir si jo net aus Zocker. Och wann et mol méi kal ass oder fisemt, wie seet, datt een net och bei deem Wieder dobausse Spaass kann hunn. Gitt raus, genéisst di frësch Loft a sprangt einfach mol mat deenen zwee Féiss an e Pull.