Kann ech ouni Problem a Groussbritannien weider studéieren/studéiere goen? Wéi ass dat mat Vakanzen a Groussbritannien?

47 Joer an ee Mount war Groussbritannien nom Bäitrëtt am Joer 1973 Member an der Europäescher Unioun. Elo verloossen d'Britten eis. E Freideg den Owend um Mëtternuecht Bréisseler Zäit ass et esou wäit.

Wat ännert sech den 1. Februar am Alldag?

Näischt, seet d'EU-Kommissioun. Well direkt nom Austrëtt fänkt eng Iwwergangsphase bis den 31. Dezember 2020 un. Bis zu deem Zäitpunkt ginn et fir Bierger, Verbraucher, Entreprisen, Investisseuren, Studenten a Fuerscher an der EU an a Groussbritannien keng Ännerungen, verséchert déi Bréisseler Autoritéit.

Aktuell an zukünfteg Lëtzebuerger Studenten a Groussbritannien

Fir Lëtzebuerger Studenten déi aktuell a Groussbritannien studéieren, ännert sech wärend der Transitiounsphase bis den 31. Dezember 2020 näischt. Si wäerte weiderhin a Groussbritannien studéiere kënnen.

Wéi de Lëtzebuerger Ausseministère betount, hunn déi brittesch Autoritéiten awer annoncéiert, dass d'Studenten, wéi all EU-Bierger am Land, bis spéitstens den 30. Juni 2021 een neien Openthaltstatut ufroen, de sou genannten "settled bzw. pre-settled status". Den Ausseministère recommandéiert fir dee Status sou séier wéi méiglech unzefroen.

Déi brittesch Regierung huet dann annoncéiert, dass d'Studenten aus den EU-Länner mat Studiestart zum Wantersemester 2020/2021, an dat fir de ganze Studiegang, a Punkto Studiegebühren a Groussbritannien weiderhin sou wéi brittesch Studente behandelt ginn, de sou genannten "Home fee status". Och fir si gëllt allerdéngs, dass se en neien Openthaltsstatus bis spéitstens zum 30. Juni 2021 ufroe mussen.

Dem Ausseministère no wier et zu dësem Zäitpunkt schwéier ze soen, wéi d'Situatioun no der Transitiounsperiod (d.h. nom 31. Dezember 2020) wäert ausgesinn. Studenten déi vun elo u wëllen a Groussbritannien studéiere goen, sollen sech informéiere wat d'Unerkennung vun hirem zukünftege Studiendiplom betrëfft, a wéi d'Studiegebühren an Zukunft evoluéiere kéinten.

Reesen ouni Roaming-Käschte beim Handy

Och a punkto Reesen ännert sech bis Enn 2020 näischt. Sief dat fir do eng Vakanz ze maachen oder just e puer Deeg do ze bleiwen. Den Informatioune vun der brittescher Regierung no, bleiwen déi aktuell Reegelunge bis zum Enn vum Joer bestoen an d'EU-Bierger musse wéi bis elo am Besëtz vun enger gülteger Carte d'identité oder engem gültege Pass sinn. Am Ablack kéint dem Lëtzebuerger Ausseministère no net ausgeschloss ginn, dass d'Situatioun sech no 2020 ännere kéint.

Brittesch Produiten online bestellen a sech schécke loossen

Et kann een och ouni Suerg Produite vu britteschen Internetsäite bestellen. Wéi eis den Ausseministère sot, bleift Groussbritannien wärend der Transitiounsphase Deel vun der EU-Zollunioun an dem EU-Bannemarché. Bis den 31. Dezember ännert sech also näischt, a Wuere wäerte wéi bis elo tëscht der EU a Groussbritannien fräi zirkuléiere kënnen. Wéi den Ausseministère weider betount, kéinten eventuell Ännerungen nom 31. Dezember 2020 de Moment net komplett ausgeschloss ginn. Dat hänkt vun de Verhandlungen iwwert déi zukünfteg Relatioun tëscht der EU a Groussbritannien of.

D'Lëtzebuerger Regierung huet allgemeng fir Froen zum Thema Brexit Informatiounen op

publizéiert. Zousätzlech gëtt et och de Site www.guichet.lu, op deem Froen an Äntwerten zum Brexit ze fanne sinn an déi reegelméisseg aktualiséiert gëtt. Doriwwer eraus kënne Lëtzebuerger a Groussbritannien sech och un déi Lëtzebuerger Ambassade zu London wenden, fir weider Informatiounen ze kréien.