Et ginn Nimm, déi si méi attraktiv wéi anerer. Däitsch Fuerscher wollte wëssen, wéi eng Fraennimm Männer sexy fannen. Eventuell ass äre jo mat dobäi!

Déi éischt Informatioun, déi mir kréien, wa mir enger friemer Persoun begéinen, ass d’Ausgesinn. Bannent Millisekonnen entscheet sech, ob mir dëse Mënsch sympathesch fannen oder net. Ass een da bis e Schrëtt weider, kënnt ee mateneen an d’Gespréich. An dat fänkt ëmmer d’selwecht un: Et freet een nom Numm. E weideren immens wichtege Critère, wann et drëms geet, wéi eist Gehier eist Géigeniwwer ofspäichert.

Sou wéi den Numm Kevin mat vill Klischee virbelaascht ass, ginn et och Nimm, déi beim anere Geschlecht direkt gutt ukommen. Fuerscher vun der TU Chemnitz huet intresséiert, wéi eng Fraennimm Männer da sou mat Attraktivitéit an Intelligenz verbannen an domat sexy fannen. Dofir hu si 146 Männer aus allen Altersklasse befrot a mat den Äntwerten e Ranking erstallt.

Vir mat dobäi sinn Nimm, déi och zu Lëtzebuerg ganz beléift sinn. An zwar net nëmme fir d’Elteren, déi d’Kand esou genannt hunn, ma och fir dat männlecht Geschlecht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Anna, Leonie a Lena fanne sech am Ranking vun de sexy Fraennimm genau esou erëm, wéi Sarah a Marie. Op Plaz 3 ware sech d’Männer an Däitschland wéi et schéngt net eens. Déi deele sech nämlech d’Lara an d’Lea. Och wie Sophie heescht, start bei engem Date mat engem Virdeel.

Kee weibleche Virnumm gouf vun der Männerwelt awer besser bewäert wéi Julia. An dat gëllt bestëmmt och fir Julie.

Et sinn also virun allem kuerz an éischter klassesch Virnimm, déi am attraktiivste bewäert goufen. Mee: Wann de Charakter net iwwerzeegt, da bréngt och deen attraktivsten Numm näischt...