Don't F**k With The Cats, The Devil Next Door an och Making A Murderer hunn eppes gemeinsam: Se maachen Angscht a faszinéiere gläichzäiteg.

Ausernanersetzungen, Iwwerfäll, Entféierungen, Morden: Egal wéi spektakulär, brutal an och tragesch dës Evenementer sinn, et faszinéiert d'Leit a genee dat spillt de Maacher vun esou Serien an Dokumentatiounen an d'Hänn. De Genre 'true crime series' erfreet sech engem grousse Boom, well se déi mënschlech Ofgrënn weisen a Geschichten opgräifen, déi wierklech esou ofgelaf sinn.

Lauschtert eran!

Eng vun de rezentsten Dokuen ass Don't F**k With The Cats: Hunting An Internet Killer. Disclaimer: Schonn den Ufank ass näischt fir schwaach Nerven. Internet-Detektive wëllen engem Déierequäler op d'Spuer kommen, dee sech als Model erausstellt an als Psychopat entlarvt gëtt. All puer Minutten denkt ee sech "Nee, dat do kann net esou geschitt sinn" - anscheinend dach.

Och relativ nei ass d'Doku The Devil Next Door (2019). Et geet ëm ee Verbriechen, dat sech e puer Joerzéngte gezunn huet. Beschëllegt gëtt de John Demjanjuk. Him gëtt virgeheit den "Ivan The Terrible" ze sinn, en KZ-Surveillant, deen um Dout vun iwwert 1 Millioun Judden am Zweete Weltkrich responsabel soll sinn. D'Serie gräift de Prozess an d'Folgen dovun op.

An The Staircase (2018) geet ëm e Rechtssträit, deen sech Jorelaang gezunn huet an deen et esou an der amerikanescher Justiz nach net gouf. 2003 kënnt de Michael Peterson an de Prisong. Hie gëtt beschëllegt, seng deemoleg Fra ëmbruecht ze hunn, obwuel hie selwer d'Rettungsdéngschter geruff hat. Et ginn ënnerschiddlech Perspektive gewisen a wann een deen ee Moment vum Peterson senger Onschold iwwerzeegt ass, ass ee sech den nächste Moment nees sécher: "Dach, hie war et!"

Eng vun de populäerste Geschichten ass déi vum Ted Bundy. Nieft dem Film mam Zac Efron an der Haaptroll ass 2019 d'Doku Conversations With A Killer: The Ted Bundy Tapes erauskomm. De Bundy gëtt fir op d'mannst 30 Morden u jonke Fraen a Männer an de 70er Jore responsabel gemaach. Et gëtt en onheemlecht Bild vum Seriemäerder erschaf. Falls dat net schonn de Fall war.

Weider 'true crime series', déi ee sech op alle Fall eranzéie kann, sinn The Keepers, Making A Murderer, Evil Genius, The Confession Tapes, I Am A Killer – an all Mount kënnt nees eng Serie dobäi, déi eis d'Mënschheet a Fro stelle léisst an eis am nämmlechte Mooss komplett faszinéiert.