Och 2020 gëtt den Emojipedia nees opgestockt - ganzer 117 nei Emojie sollen dobäi kommen.

Wéi all Joer kënnt och 2020 neie Schwong an d'Welt vun den Emojien - ganzer 117 Neier sollen dobäi kommen. Déi meescht wäerten déi nei Emojien am Laf vum Joer mam Update 13.0 op de Smartphone kréien, wéini genee steet nach net fest ma op wéi eng Emojien ee sech elo scho freeë kann, dat gouf haut kommunizéiert.

Ënnert den neien Emojien sinn esou zum Beispill nei Déieren, wéi eng schwaarz Kaz oder d'Gesiicht vun engem Äisbier. Och a punkto Iesse gëtt opgestockt an esou kënne Kéisfans sech op déi passend Fondue freeën. Diversitéit gëtt bei den neien Emojien och grouss geschriwwen, deemno fënnt een dann deemnächst och en Transgender-Fändel, e Mann am Brautrack, esou wéi eng Fra am Kostüm am Emojipedia.