Een Hond ze hunn bedeit och, bei all Wieder mat him vrun d’Dir ze goen. Mee firwat sténkt den Hond, wann en am Reen naass gëtt?

Wee mat sengem Hond Gassi geet, féiert een enormen Mikrokosmos un der Léngt spadséieren. Am Hondspelz liewen nämlech dausende vu Bakterien. Déi si weder schiedlech nach krankhaft, hir Exkrementer kënnen awer ganz schéi sténken.

Obwuel d‘Bakterie permanent am Hondspelz present sinn, richt een se an engem dréchenen Hond allerdéngs kaum. Een naassen  Hond dogéint sténkt penetrant. D’Waasser, dat aus dem fiichte Pelz verdonst, setzt nämlech Gerochssubstanze fräi an hëlt se mat an d’Loft.

Wat sech vläicht kontradiktoresch unhéiert: Wann den naasse Pelz sténkt, da muss een den Hond naass bueden. Dat reduzéiert d’Unzuel u Mikroorganismen an domat Gerochsbilder am Pelz. Op déi sou oft diskutéiert Fro, wéi dacks ee säin Hond wäschen dierf ouni den natierleche Schutzfilm vu senger Haut ze zerstéieren, kann een dobäi just diplomatesch äntweren: sou seele wéi méiglech, awer sou oft wéi néideg.

Wann ären Hond also deemnächst duerch de Reen leeft, dann denkt un di dausende vu Mikroorganismen a sengem Pelz, déi domat och hir Ofkillung kréien. Well déi maachen aus dem naassen Hond een Hond, dee sténkt.