Sief et den Telefon, deen op der Aarbecht permanent rabbelt oder den Trafic. Ze vill Kaméidi schuet eiser Gesondheet, virun allem an der Nuecht.

D’Liewe ka schonn heiansdo haart sinn. Wuertwiertlech, dat gëllt nämlech och fir déi verschidde Geräischkulissen, deene mir Dag fir Dag ausgesat sinn. Hei eng Baustell, do 2 Autoen déi sech tuten, wärend e Fliger iwwert eis flitt. Kee Wonner dass dat zousätzleche Stress fir eise Kierper bedeit. An dobäi ass den Haaptproblem mol net de Kaméidi, deem mir daagsiwwer begéinen.

Virun allem an der Nuecht, also wann eis bannescht Auer u sech op "Schlofen" agestallt ass, ka Kaméidi, z.B. well een nieft enger Haaptstrooss oder Schinne wunnt, negativ Auswierkungen op eis kierperlech a mental Gesondheet hunn. E Fuerscher-Team aus Kardiologen vun der Uni Mainz huet am Annual Review of Public Health festgehalen, dass Kaméidi an der Nuecht de Risiko vun Häerz-Problemer awer och psycheschen Erkrankunge wéi Depressiounen erhéicht. Konkret geet de Bluttdrock erop, d’Bluttgefäässer gi méi steif an de Kierper stéisst méi Stresshormoner aus.

D’Qualitéit vum Schlof geet natierlech och erof an de Kierper kënnt net no mat der Regeneratioun. Domat gëtt ee méi ufälleg wat Krankheeten ugeet.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Och d’Uni Basel huet zesumme mam Schwäizer Public-Health-Institute erausfonnt, dass de Risiko vun engem Häerzinfarkt an Diabetis bei ze vill Kaméidi an d’Luucht geet.

D’Fuerscher kritiséieren, dass de Fokus dacks komplett op der Loftverschmotzung läit, ouni dass a Stied iwwer d’Auswierkunge vu Kaméidi op d’Gesondheet nogeduecht gëtt. Sie fuerderen d’Politik zu méi strenge Virschrëften op, wat de Fluch- a Stroosseverkéier ugeet, fir dass wéinstens an der Nuecht fir Rou gesuergt ass.