Schonn 2013 ass de Grondsteen fir de Brexit geluecht ginn. Bis Groussbritannien an d'EU sech gëeenegt hunn sollt awer nach ganz vill geschéien.

No 3 an engem hallwe Joer trëtt Groussbritannien aus der EU aus. Duerno geet et zwar nach e bësse weider mam Verhandelen, Diskutéieren, ma dobäi geet et net méi drëms, wéi a wéini Groussbritannien d'EU verléisst. Ville Leit wäert wuel – och wann déi allermeescht wuel net begeeschtert iwwer de Brexit sinn – e Steen vum Häerz falen, datt elo dat Gedeessems endlech eriwwer ass. Mä wéi konnt et iwwerhaapt zu dëser „Katastroph“ kommen?

Referendum leeft net esou wéi vu villen erwaart
Alles huet u sech mat engem Mann ugefaangen, deen dat Ganzt ugestouss huet an sech duerno aus der Affär gezunn huet, an zwar mam David Cameron. Deen hat am Januar 2013 ugekënnegt d'Leit an engem Referendum ofstëmmen ze loossen, ob se an der EU wëlle bleiwen oder net.

Iwwer 3 Joer drop koum et dunn och zu deem Referendum, dem Cameron seng konservativ Partei huet sech fir e Verbleif ausgeschwat, ma Pech, 52% vun de Bierger hu gesot se wéilten eraus aus der EU. Den iwwerraschte Cameron ass dowéinst zeréckgetrueden a seng Plaz huet ouni grouss Problemer d'Theresa May iwwerholl.

9 Méint nom Referendum huet d'Premierministesch d'Demande bei der EU fir de Brexit gemaach, et war déi éischte Kéier, dass e Land aus der EU wollt eraus.

Laang a komplizéiert Verhandlungen
Elo ginn d'Verhandlungen un, déi komme gutt virun, ma verschidde Froe sinn oppe bliwwen. De 25. November 2018 huet et dunn esou geschéngt, wéi wann d'EU a Groussbritannien en Deal hätten. Ma nëmmen 20 Deeg drop war kloer: dat britescht Parlament ass net mam Ofkommes d'Accord.
Zwee Méint drop dat selwecht, e Brexit ouni Accord wollten d'Deputéiert net an dofir sollt nach eng 3. Kéier ofgestëmmt ginn.

An den 29. Mäerz, deen Dag op deem Groussbritannien u sech sollt aus der EU austrieden ass den Accord eng 3. Kéier refuséiert ginn. De Brexit gouf dofir op spéitst Enn Oktober verréckelt.

En neie Premier bréngt den Duerchbroch
De 24. Mee 2019 huet d'Premierministesch dunn d'Konsequenze gezunn an hire Récktrëtt ugekënnegt. Zwee Méint drop huet dunn de Brois Johnson iwwerholl. No enger kuerzer Zwangspaus fir d'Parlament war et dunn endlech de 17. Oktober den Duerchbroch: d'Brexit-Negociateuren hunn sech gëeenegt.

Den 10. Januar huet dunn dat britesch Ënnerhaus, nodeems den Datum fir de Brexit op den 31. Januar 2020 verréckelt ginn ass, den Deal ugeholl.
De Mëttwoch huet och d'EU-Parlament „Jo“ gesot.

Ma d'Diskussioune sinn nach laang net fäerdeg. Nom Austrëtt gëtt dann iwwer déi weider Relatioune verhandelt. Och nom Brexit wäert eis deen dofir nach laang erhale bleiwen.