Et ass laang un engem Accord gefeilt ginn, 3 Mol ass en net ugeholl ginn, ma elo ass et esou wäit. Ma wat steet eigentlech an deem Ofkommes dran?

De Brexit-Datum kënnt ëmmer méi no, vill Leit si frou, dass sech d'EU a Groussbritannien um Enn awer nach konnten eenegen, ma esou richteg hunn déi meescht an der Lescht wuel net méi bei all deenen Ofstëmmungen, Accorden, Ënner- an Uewerhaiser a Verhandlungen duerchgebléckt. Deemno verwonnert et och net, dass bis ewell guer net esou richteg driwwer geschwat ginn ass, wat dann elo eigentlech an deem haart erschaffte Brexit-Accord dra steet.

Iwwergangszäit bis den 31. Dezember 2020
Et ass jo elo emol bis den 31. Dezember 2020 esou, dass Groussbritannien zwar aus der EU austrëtt, dass d'Land awer am EU-Bannemaart an an der Zollunioun bleift. An där Iwwergangszäit wëlle béid Partner eng Fräihandelszon ausschaffen, déi dem Accord no eng ouni Douanes-Taxen, Fraisen oder Limitte wat d'Quantitéit ugeet soll sinn.

Groussbritannien kann och schonn Accorde mat anere Staaten ausserhalb vun der EU beschléissen, déi gëllen awer eréischt nom Stéchdatum vum 31. Dezember.

Fir d'Bierger ännert sech net vill
Fir Reesen an oder aus Groussbritannien bleift bis dohin och emol alles beim Alen, och dat muss nach ausgehandelt ginn. Dat selwecht gëllt fir d'Rechter vun de britesche Bierger an der EU a fir d'EU-Bierger a Groussbritannien. Si hunn d'Recht weider do ze studéieren, ze liewen an ze schaffen.

An da war jo do nach deen décke Problem mat der Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland. Et wollt een d'Grenz do jo net ze vill zou maachen an awer och net ze vill oploossen. Dofir ass et elo esou, dass Gidder, déi ausserhalb vun der EU a Groussbritannien kommen an an Irland an esou an d'EU kéinten importéiert ginn, mat EU-Taxe musse besteiert ginn. Nordirland, dat zu Groussbritannien gehéiert applizéiert iwwerdeems och no der Iwwergangszäit eng Rëtsch Reegele vum EU-Bannemaart, fir esou Kontrollen un der Grenz mat Irland ze evitéieren.
All 4 Joer kann dat nordirescht Parlament driwwer entscheeden, ob dës Reegele wieder sollen applizéiert ginn.

Wéi vill muss Groussbritannien nobezuelen?
An dann nach zu deem Finanziellen: Groussbritannien ass jo verschidde Verflichtungen als Member vun der EU agaangen, déi mussen och nach, wann se dat da virgesinn iwwer den 31. Dezember eraus agehale ginn.
Vun iwwer 42 Milliarden Euro gëtt hei geschwat, ofgemaacht ass dës Zomm awer nach net.