Mat nëmmen 18 Joer gehéiert d'Billie Eilish elo schonn zu deene ganz Groussen!

          “And the Grammy goes to...Billie Eilish”

Dee Saz huet d’Billie Eilish leschte Sonnden am Ganze véier Mol héieren: Best New Artist, Song, Record an Album of the Year. Als éischt Fra an der Geschicht vun de Grammys huet d’Billie Eilish et fäerdeg bruecht di véier Haapt-Kategorien ze gewannen. Ganz niewebäi ass d’Sängerin um rouden Teppech gewuer ginn, datt hat och de Präis fir Best Pop Vocal Album gewonnen hat.

E groussen Undeel um Erfolleg vum Billie Eilish huet och säi Brudder a Produzent Finneas, dee selwer iwweregens och e Grammy fir Producer of the Year gewonnen huet.

          “This is to all of the kids who are making music in their bedroom, you gonna get one of these...”

Am Finneas sengem Kannerzëmmer hunn di zwee Geschwëster ugefaange Musek ze maachen, Songs ze schreiwen an opzehuelen – deelweis maache si dat esouguer haut nach. Di enk Relatioun mat sengem Brudder an de Fait, datt hat kleng ugefaangen huet, si sécherlech eng Erklärung dofir, datt d’Billie Eilish bis haut um Buedem bliwwen ass.

Lauschtert eran!

E wichtege Facteur fir dem Billie Eilish seng Beléiftheet ass och, datt hat mat senge jonken 18 Joer fir eng ganz Generatioun steet. Eng Generatioun déi et net ëmmer einfach huet well se mat vill Misär opwiisst an déi anescht si wëll, ewéi déi virdrun. Aus deem Grond passt dem Billie Eilish seng onkonventionell an emotional Musek natierlech immens gutt. Dobäi kënnt, datt d’Sängerin an Interviews a virun allem och a senge Songs ganz oppen iwwert seng Gefiller schwätzt a seng Fans sech doduerch ëm sou besser mat him identifizéiere kënnen.

Zwou Wochen no sengem Exploit bei de Grammy-Awards trëtt d’Billie Eilish dann den 9. Februar bei den Oscars op, annoncéiert gouf eng “Special Performance”. Wie weess, vläicht séngt hat da jo exklusiv och deen neie Bond-Song.