4 nei Petitioune kann een zënter e Freideg ënnerschreiwen. Et geet ëm ee Referendum, ëm Pelz, ëm ee Fëmmverbuet an ëm Walrecht.

Zanter de Freideg sinn erëm 4 nei Petitiounen um Site vun der Chamber prett fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn. Nieft enger neier Konstitutioun an dem Walrecht bei den Nationalwale fir Auslänner aus der EU, déi zu Lëtzebuerg wunnen, geet et op en neits ëm d'Fëmmen awer och ëm den Déierepelz. Bis den 12. Mäerz kënnen déi 4 Petitiounen ënnerschriwwe ginn.

20-Meter-Bann fir Fëmmerten
Op en neits soll et engem Petitionnaire no d'Fëmmerten treffen. An de Caféen, Restauranten an ëffentleche Gebaier dierf jo souwisou net méi gefëmmt ginn, tabu sinn och Spillplazen an den Auto, wa Kanner dra sëtzen. An awer lafe Kanner an Erwuessener jo nach heiansdo duerch den Damp, z.B. wann se um Busarrêt stinn oder an e Gebai era wëlle virun deem gefëmmt gëtt.
An dat gesäit och d'Petitionnairin esou, déi fuerdert, dass zu Lëtzebuerg 20 Meter ronderëm der Entrée vu Gebaier, ronderëm d'Trams- a Busarrêten an den Entrée vu Caféen net méi dierf gefëmmt ginn.

Walrecht och fir Chamberwale fir EU-Auslänner
Déi zweet beschäftegt sech mam Walrecht. De Petitionnaire fuerdert hei e Walrecht fir ënner anerem d'Chamberwale fir déi Auslänner, déi aus engem EU-Memberstaat kommen a schonn eng gewëssen Zäit hei zu Lëtzebuerg wunnen. Dobäi misst dem Petitionnaire no dës Dauer vum Openthalt däitlech ënnert där leien, déi néideg ass fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit automatesch ze kréien.
Am November d'lescht Joer hat sech an deem Kader jo eng knapp Majoritéit vun den Awunner an enger TNS-Ilres-Ëmfro dofir ausgeschwat, et genee esou ze reegelen, d.h. Auslänner d'Walrecht no enger gewëssener Dauer während där se hei am Land gewunnt hunn ze ginn. D'Argumentatioun ass hei, dass an deem Fall déi gewielte Vertrieder och vun deene gewielt ginn, déi duerno vun hiren Decisioune betraff sinn.

Kee Pelz vu liewegen Déieren

Lëtzebuerg ouni Pelz vun nach liewegen Déieren – dat fuerdert déi 3. Petitioun. Ganz einfach well de Pelz ënner anerem a China den nach liewegen Déieren ofgezu géif ginn, déi duerno e laangen a grausamen Dout stierwen. Méi Argumentatioun brauch een hei jo net.

Déi leschte Petitioun fuerdert dann am Kader vun enger neier Konstitutioun e Referendum, deem eng grouss Informatiouns- a Consultatiounscampagne viraus geet. Dem Petitionnaire no wier dat eng Chance, déi sech villäicht an den nächste Joren net méi bidde wäert.

Hei d'Petitiounen am Iwwerbléck:

  • Interdire de fumer à moins de 20 mètres des entrées des bâtiments et des bus / tram / etc. Cela doit s'arrêter partout dans Luxembourg. (1479)

  • Pour le droit de vote des étrangers résidents en provenance de l'Union Européenne (1481)

  • Luxembourg sans fourrure des animaux vivants ! (1483)

  • Nouvelle Constitution : pour le maintien du référendum précédé d'une large campagne d’information et de consultation des citoyens (1452)