D'Weltgesondheetsorganisatioun huet wéinst dem Coronavirus eng international Noutlag ausgeruff. Ma wéi bedreelech gesitt dir dat Ganzt?

Virun e puer Wochen huet nach keen driwwer geschwat, mëttlerweil huet jiddferee scho vum Coronavirus héieren. Dat läit dorun, dass dese neiartege Virus sech relativ séier verbreet huet, virun allem a China.

Ufanks nëmmen an der chinesescher Stad Wuhan e Problem, ginn et elo och an Europa éischt Fäll vum Coronavirus mat der genauer Bezeechnung 2019-nCoV.

Zu Lëtzebuerg ass bis ewell nach kee Fall gemellt.

Trotzdeem stellt sech déi berechtegt Fro: Muss een elo an Angscht a Panik verfalen? Dat wollte mir vun iech wëssen!

Panik wéinst dem Coronavirus?