Dir musst iech net schummen, wann dir op richteg schlecht Filmer stitt. Bretzt iech léiwer! Wien Trash-Filmer kuckt, ass nämlech méi intelligent.

Et gi Filmer wéi Inception oder Interstellar, bei deene sech Kritiker an de Public eens sinn, dass dat wuertwiertlech grousse Kino ass. An da gëtt et sou eppes wéi Sharknado. Dir kennt deen net? E Resumé: Vill Blutt a plakeg Haut. An en Hai, dee fléie kann. Wärend weder Inception, nach Interstellar en Nofollger hunn, ginn et mëttlerweil 5 Sharknado-Filmer. Et schéngt also definitiv e Marché fir sougenannten Trash-Filmer ze ginn. A wann och dir dorop stitt, braucht dir iech guer net ze schummen. Dir kënnt iech domat souguer bretzen, well dir enger Etüd um Max-Planck-Institut fir empiresch Ästhetik no méi intelligent sidd, wéi den Duerchschnëtt.

An enger Online-Ëmfro mat 372 Kandidaten huet een den Zesummenhang vu Bildung an Film-Gôut ënnersicht. 75 Prozent haten op mannst e Lycée-Ofschloss, vill hunn der och studéiert. Donieft waren och vill Kandidaten un anere Konscht- a Medieformen intresséiert. Iwwerraschenderweis och u wierklech qualitative Filmer, also wäit fort vu Sharknado.

Ma firwat stinn dann intellektuell Mënschen op Low-Budget-Produktiounen? Ganz einfach: Well se fir Ënnerhalung suergen. A well Trash onkonventionell ass, ganz anescht wéi de Mainstream aus Hollywood. Et muss een also fir Neies op sinn an d’Filmer mat genuch Ironie erliewen.

Intelligenz nëmmen un engem Ofschloss festzemaachen ass awer op alle Fall diskutabel.

Gutt Noriichten och fir Fans vum Dschungelcamp oder Love Island: Maacht genau esou weider! Well ee beim Kucken iwwerhaapt net nodenke muss, kann ee perfekt vum Alldag ofschalten. Doduerch kann ee sech nees besser konzentréieren, wann ee gefuerdert ass. Mental Pausen suergen dofir, dass ee seng Ziler besser erreecht a méi entspaant lieft, esou d’Fuerscher nach.

Lauschtert hei de ganze Reportage