Wat erwaart d'Léierpersonal am Klassesall? Richteg, matschaffen, soss ass eng Schoulstonn schwéier ëmzesetzen. Mat genuch Luef klappt dat besser.

Datt ee seng Matmënschen och mol luewe soll, wäert deene meeschte scho bewosst sinn. Datt d'Léierpersonal d'Schüler vu moies bis owes verhätschele soll, dat ass awer dacks och net den ideale Wee. Luewe jo, mee nëmmen net ze vill, ass bei villen d'Devise. Natierlech mécht do jiddereen et esou, wéi hien et fir richteg hält, ma Schüler, déi gelueft ginn, wieren am Endeffekt vill méi produktiv.

Lauschtert eran!

Eng Etüd vun der 'Brigham Young University' an den USA wëll erausfonnt hunn, datt am Klassesall nach ëmmer ze wéineg gelueft gëtt. Heivir goufen iwwer 3 Joer laang d'Coursen a verschiddenen US-Schoule mat Schüler tëscht 5 bis 12 Joer surveilléiert. An der Hallschent vun de Klasse gouf e speziellt Konzept verfollegt.

Am Virfeld huet d'Léierpersoun de Schüler erkläert, wéi ee Verhale wärend dem Cours erwënscht ass: Nolauschteren, matschaffen, net einfach esou an d'Klass blären, de Fanger weisen – déi Saachen, déi engem selwer an der Schoul virgelieft goufen. Hu si sech dorunner gehalen, goufen se dofir speziell gelueft.

Hu se eppes gemaach, wat net erwënscht, ass awer och net mat hinne gemault ginn – et gouf esou gutt et geet ignoréiert. An anere Klassen ass Cours ewéi virdru gehale ginn. Do gouf also och scho gemeckert, wann e Schüler sech net ugemooss verhalen huet. All d'Schoulcoursë sinn doropshin ausgewäert a matenee verglach ginn.

Wat méi gelueft ginn ass, wat d'Schüler méi am Cours opgepasst hunn. An deene Klassen, an deene méi gelueft wéi gemault ginn ass, war d'Mataarbecht ëm 30% méi héich. D'Schüler ze luewen ass also e gutt Mëttel, fir dat Verhalen, wat ee sech wënscht, ze verstäerken an dauerhaft anzeféieren.