Dir wëllt an ärer nächster Vakanz net faul op der Vakanz leien, mee eppes erliewen? Mat dësen Aktivitéiten ass en Adrenalinkick garantéiert!

Wéini hutt dir iech fir d’lescht eng Kéier sou richteg lieweg gefillt? Dat ass meeschtens dann de Fall, wann dir e grousse Schrëtt aus ärer Comfort Zone maacht. Déi eng dreiwen et op d’Spëtzt a ginn Adrenalin-Junkies genannt. Wann dir es genuch vu Plagevakanz an All-Inclusive hutt a mol eng Kéier wierklech eppes erliewe wëllt, da ginn et genuch Aktivitéiten, déi äre Kierper u seng Grenz bréngen.

Déi éischt ass net wäit fort. Um Nürburgring an der Eifel kënnt dir de Formel-1 Weltmeeschter an iech erausloossen. Op der legendärer Nordschleife kënnt dir op 20km spieren, wéi et ass wann dir bei héijer Vitesse an äre Sëtz gepresst gitt.

Dogéint bleift dir am Mier virun der Isla Guadalupe a Mexiko op enger Plaz. Dofir ass et hei e Wäissen Hai, dee sech beweegt an zwar direkt nieft iech. Just déi puer Metallstaange vun ärem Käfeg trennen iech vun deem risegen Exemplar.

Aus dem Waasser an d’Loft: Basejumping gëtt och bei Touristen ëmmer méi beléift. Mat bis zu 85km/h faalt dir vum 192 Meter héije Sky Tower zu Auckland an d’Déift.

En Adrenalin-Schub kritt dir och, wann dir de geféierlechste Wanderwee vun der Welt absolvéiert. Op e puer rabbelegen Holzbrieder, déi laanscht de Bierg Huashan an der chinesescher Provinz Shaanxi montéiert sinn, wackele sécherlech d’Knéien, et geet nämlech e puer honnert Meter an d’Déift.

Nach méi déif erof geet et zu Baños am schéinen Ecuador. Do gëtt et eng Schaukel, déi net bei iergendengem am Gaart steet, mee iwwert enger 2600 Meter déiwer Schlucht. Einfach mol d'Séil baumele loossen...

Lauschtert hei de ganze Reportage

Um Cerro Negro, engem Vulkan an Nicaragua, kann ee Vulkanboarding maachen. Dir rutscht mat speziellem Schlitt an Otemmask a bis zu 90 Stonnekilometer de géien Hang erof, a bestaunt dobäi eng surreal Moundlandschaft. Oder dir flitt op Los Angeles a rutscht do vum 70. Stack vum US Bank Tower an enger Rutsch aus Glas d’Gebai erof.

Mee passt op, soss gitt dir nach süchteg nom Kick. Op eemol sidd och dir en Adrenalin-Junkie.