Wéi bei anere sozialen Netzwierker, léisst sech och mat TikTok vill verdéngen. Et brauch ee just Millioune vu Follower. Hei sinn d'Top 10!

Déi chinesesch Videoplattform TikTok ass weiderhi ganz beléift. Wien dat fréi erkannt huet, ka mëttlerweil dovu liewen. Wéi bei Instagram a Co. ginn et natierlech och an dësem Fall e puer Mënschen, déi domat steeräich gi sinn. Déi einfach Rechnung: Wat méi Follower, wat méi Afloss, wat méi Suen.

Mir starten direkt mol méi skurril: Op der 10 steet mam Jiffpom nämlech en Hond, deem 19,4 Millioune Follower nokucken, wéi hien Tricke mécht.

Op der 9 steet mat 21,65 Millioune Follower den eréischt 17-järegen Jacob Sartorius. Hie mécht seng eege Musek a gouf vum Label T3 ënner Kontrakt geholl. D’Nisha Gurgain ass der 22, kënnt aus Indien a presentéiert sengen 21,7 Millioune Follower indesch Lip-Sync-Videoen.

Fighthouse ass dann direkt e ganzt Team vu Leit, déi hier Sue verdéngen, an deem si aner TikTok-Influencer interviewen, an deene si z.B. Songs errode mussen. Zanter 4 Joer sinn d’Zwillinge Gil an Jaden Croes op der Plattform, deemools nach Musical.ly genannt. Och si maache Lip-Sync Videoen an hunn 22,7 Millioune Follower.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Moud kënnt och op TikTok gutt un: 23,2 Millioune Fans huet d’Kristen Hancher, dat fir seng opwenneg Outfits bekannt ginn ass.

Op der 4 nees e Jonken aus Indien. De Riyas Aly ass der 16 an iwwerzeegt mat Mini-Sketcher, déi reegelméisseg 26 Millioune Follower kucken. De Zach King ass mat Zauberei erfollegräich ginn. Den Trick läit awer a senge gudde Videoschnëtt-Skills. Hie léisst et wéi e groussen Zoufall wierken. Egal, denken sech 29,4 Millioune Follower.

@zachking

Seriously, does anybody else always lose their socks?? 🧦 #lostandfound #socks

♬ original sound - zachking

Knapp iwwer 30 Milliounen huet dann d’Baby Ariel, hat mécht Musek. Keen huet awer méi Follower bei TikTok wéi d’Influencerin Loren Gray. Och hat notzt d’Haaptfunktioun vun der App. Iwwer 37 Millioune Follower kucke seng Lip-Sync-Videoen.

@lorengray

when each item is under $100 so u get em all ♡ #itsfromboohoo Boohoo #ad

♬ Primadonna - MARINA