Wéi fillt et sech wuel un, wann ee mam Fliger eroffällt?

Mam Fliger fléie gehéiert fir déi meescht Leit zum Alldag dozou, egal ob een an d’Vakanz flitt, e City-Trip de Weekend iwwer mécht oder vun der Aarbecht aus enzwousch hireest. Mee och wa Fléie ganz kamoud ka sinn, esou ass een ëmmer nees frou, wann een nees ganz um Buedem ass. Wie sech awer ëmmer scho mol gefrot huet, wéi et eigentlech wier mam Fliger erofzefalen, fir dee gëtt et elo hei am Norde vun England genee dat Richtegt.

Lauschtert hei de Reportage:

Zu Nottingham kann ee vum 15. bis 23. Februar bei enger Simulatioun deelhuelen, déi engem d’Gefill gëtt, et géif ee mam Fliger eroffalen. Dat Ganzt ass näischt fir schwaach Nerven. Soubal ee mat den anere Passagéier an der nogebauter Boeing 707 Plaz hëlt ginn d’Luuchten aus, d’Kabinn fänkt un ze wackelen an d’Gejäiz geet lass. Well et sech ëm eng interaktiv Simulatioun handelt, mussen d’Passagéier zesumme schaffe fir erauszefanne wat passéiert.

© pixabay.com

D’Organisateure verspriechen, dass et Méiglechkeete ginn, d’Maschinn ze retten - wann d’Passagéier sech richteg verhalen. Ob dat ville Leit gelénge wäert bleift ofzewaarden. Wie sech hei fräiwëlleg traumatiséiere loosse wëll, dee kann dat fir ronn 10 Euro pro Seance maachen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter