Et schéngt wéi wann eis déi beschte Ideeën an de komeschste Momenter kommen. An dat ob de speziellste Plazen, a wou dat ass hu Fuerscher ënnersicht.

Am Auto um Wee fir heem, kuerz virum Aschlofen oder op der Toilette – gutt Iddi kënnen iwwerall kommen. Der Wëssenschaft no gëtt et awer eng Plaz, wou een am Kreatiivsten ass. An dat ass anscheinend ënnert der Dusch.

De Kognitiounsfuerscher Scott Barry Kaufman huet an enger ëmfangräicher Befroung erausfonnt, dass 72 Prozent vun de Befroten, déi beschten Iddie wärend dem Duschen hunn. Ausserdeem huet d’Etüd erginn, dass vill Erwuessener tëscht 18 a 34 Joer, souguer extra an d’Dusch ginn, fir op nei Iddien ze kommen oder Léisunge fir Problemer ze fannen.

Deemno entspaant een an der Dusch, eng Plaz wou een an der Reegel eleng ass a wou een net beurteelt gëtt. Doduerch gëtt d’Denken ënnerstëtzt, et kann ee senge Gedanke fräie Laf loossen, an dat geet am beschte wann ee vun näischt ofgelenkt gëtt.

Och virum Aschlofe gëtt ee kreativ, well een hei ufänkt ze entspanen. A sou enger Rouphas kann eist Gehier mat Erliefnisser a Geléiertem besonnesch kreativ ëmgoen. Am Idealfall entsteet dann déi ultimativ Iddi, déi een sech am beschten direkt opschreift. Net dass een déi nees beim Erwäche vergiess huet.

Klappt et bei iech de Moment also net mat der Kreativitéit, da versicht et net, ze erzwéngen. Gitt amplaz mol virun d’Dier, huelt déif Loft a gitt e bësse spadséieren a loosst äre Gedanke fräie Laf. A wann dat net hëlleft, bleift iech jo nach ëmmer d’Dusch. Ee Versuch ass et jiddefalls wäert.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio: