E melodesche Wecker reduzéiert de "Morgenmuffel-Effekt"...

"BEEP BEEP BEEP" - Mat dësem Sound gëtt ee villäicht ruckarteg aus dem déiwe Schlof gerappt, ma dat heescht net, datt een duerch de klassesche Klang vum Wecker och tatsächlech méi séier wakereg gëtt. Fuerscher vun der RMIT-Universitéit zu Melbourne hunn an enger Etüd erausfonnt, datt d'Geräisch, dat eis zum opstoe verleede soll eise ganzen Dag beaflosst.

Fir dës Analyse goufe 50 Mënschen iwwer hir Gewunnechte befrot. An engem Online-Froebou konnte se deemno auswiele mat wat fir engem Wecker a Sound se géifen erwächen a wéi se sech géife fillen nodeems dëse géif schellen. Heibäi koum eraus, datt de klassesche Klang vun engem old school Wecker éischter dofir géif suergen, datt ee sech moies onausgeschlof an duerchernee géif fillen. Wie mat melodiéise Kläng, wéi zum Beispill Good Vibrations vun The Beach Boys oder Close to Me vun The Cure géif wakereg gemaach ginn, bei deem stinn d'Chance méi héich moies manner irritéiert a méi motivéiert ze erwächen.

Wichteg sinn dës Resultater virun allem well d'Erwächen en Impakt op de Recht vun eisem Dag huet. Wie scho moies keng Energie huet, deet sech och schwéier de Recht vum Dag konzentréiert ze bleiwen, virun allem déi éischt 4 Stonnen op der Aarbecht ginn doduerch beaflosst. Dëst ass natierlech besonnesch fir Leit, déi an deels geféierleche Konditioune schaffen, wichteg. Deemno sollen nach méi Etüden zu dësem Thema duerchgefouert gi fir d'Theese ze bestätegen an erauszefanne wéi eng Kombinatioun aus Melodie an Rhythmus am beschten ass fir d'Leit ganz ouni "Morgenmuffel"-Effekter aus dem Schlof ze huelen.