Et sinn net just déi südlech Gebidder - och de Lëtzebuerger Wäibau ass vum Klimawandel betraff. Dat ass d'Meenung vum Wënzer Ben Duhr.

Drauwenzorte reagéieren empfindlech op klimatesch Changementer. Zemools d'Hëtzt, awer och aner extrem Wiederkonditioune wéi kräfteg Reeschaueren oder zolidd Knëppelsteng dinn dem Wäibau näischt Guddes.

Lauschtert eran!

Wéi a villen anere Liewensberäicher ass de Klimawandel also och hei ze spieren. Dës Meenung vertrëtt och de Ben Duhr, Wënzer a Manager vum Domaine Aly Duhr: "Mir hu relativ laang naass Perioden, wou vill Reen beieneen erof kënnt. D'lescht Joer virun allem extrem laang dréche Perioden, wou dann deelweis de Ree souguer gefeelt huet. Duerch déi Extremer hu mer ëmmer eng Zäitfënster, fir d'Wéngerten ze traitéieren, déi ëmmer méi kleng gëtt."

Eng Drauwenzort, déi zënter Joren an där nämmlechter Géigend gebaut gëtt, passt sech dëser Regioun, also de klimatesche Konditiounen, un. Wann et awer wéi déi lescht Jore weidergeet an et ëmmer méi waarm gëtt, mécht dat enger bestëmmter Zort natierlech ze schafen.

Hei zu Lëtzebuerg ass dat majoritär de Wäisswäin. Dat huet Konsequenze fir de Wënzer grad wéi fir de Konsument: "Do erwaart ee sech halt eng Frëschheet an engem Wäin an déi huet een net onbedéngt, wann ee Joren huet wéi 2018, wou sou därmoosse konzentréiert sinn. Da feelt dat einfach e bëssen. An de Konsument, géif ech awer mengen, datt en dat awer gären hätt - virun allem an engem Wäisswäin."

Datt de Klimawandel seng Spuren hannerléisst, mierkt een och un der fréier Lies déi lescht zwee Joer. 2018 war qualitativ wéi quantitativ e gutt Joer, 2019 hat een Ufanks Mee mat Spéitfrascht ze kämpfen, am Summer ass eng méi laang Drécheperiod dobäi komm, esou de Ben Duhr: "Musse mer elo op eng Richtung goen, fir nei Zorten unzesetzen? Jo, vläicht, eventuell. An eisem Fall vun eisem Betrib géif ech mengen, datt mer musse probéieren déi Zorten, déi mer hunn, ze maitriséieren a kucke mat der neier Situatioun eens ze ginn."

Qualitativ war 2019 e gutt Joer, quantitativ hätt ee gréisser Abousse verzeechent. Ma duerch déi Extremer hunn och nei Krankheeten hire Wee op Lëtzebuerg fonnt, wéi déi sougenannten „Kirschessigfliege“. Déi, grad wéi al Krankheeten, muss een an de Grëff kréien. Dëst ass fir d'Wënzer e grousse Challenge an dat gëtt duerch de Klimawandel déi nächst Joren net manner.