Nom Super Bowl 54 am Hard Rock Stadium zu Miami kucke war zréck: Dëst waren di spektakuläerst Halftime-Shows aus de leschte Joren.

Memorabel bleift d’Büneshow vum Justin Timberlake an Janet Jackson beim Super Bowl 2004. Vrun allem well de Sänger dobäi senger Kolleegin de Kostüm vum Kierper gerappt huet, an hir Broscht inklusiv Piercing entbléisst huet. Den Nipplegate ass an d’Geschicht agaangen.

Di wuel kreatiivst Halftimeshow huet ee beim Super Bowl 2015 gesinn. D’Katy Perry ass op engem risege Léif duerch de Stadion geridden. Et gouf Palmen , Waasserbäll an Haien. Di ganz Show war wéi ee Mix aus Märchen, Disneyworld a Computerspill.

2007 huet de Prince mat senger Halftimeshow gerockt, ugefaange mat Coverversioune vu Queen, de Foo Fighters a Bob Dylan, bis hin zu sengem gréissten Hit „Purple Rain“ . Den Ofschloss vun der Show war ee Freedefeier, natierlech an der Faarf lila.

U2 haten 2002 déi schwiereg Aufgab , just 5 Méint no 9/11 an der Halftime Show opzetrieden. Vill Fangerspëtzegefill war gefrot, wat Bono a Band och gekonnt ëmgesat hunn- inklusiv engem risege Banner op deem d’Nimm vun allen Terrorakt ofgebillt waren.

De Michael Jackson gouf 1993 vun der NFL als éischte grousse Popstar engagéiert. Mat senger Versioun vun enger Halftime-Show huet hien des gläich op een neien Niveau gehuewen. Et war dee bis dohi meescht gekuckte Live-Optrëtt op der amerikanescher Tëlee.