Den neie Coronavirus verbreet sech rasant, genee esou séier breeden sech awer och d'Verschwierungstheorien an d'Falschmeldungen aus.

De Moment ass et d'Thema Nummer 1 – de Coronavirus. Virun allem d'Vitesse, mat där sech deen iwwer d'ganz Welt verbreet huet, ass impressionnant a mécht engem awer iergendwéi Angscht. A genee domat spillen an der Tëschenzäit verschidde Säiten um Internet respektiv Bäiträg a Videoen, déi mat verschiddenen Theorien a Falschmeldungen d'Angscht nach verstäerken. Dofir schafft an der Tëschenzäit schonn d'WHO mat Google zesumme fir Falschnoriichten zum Thema ze verhënneren. Och aner Déngschter wéi Twitter a Facebook hu Schrëtt ënnerholl.

Aus dem Labo entkomm oder express ausgesat
Wéi bei ville Krankheeten ass och hei eng Theorie, dass de Coronavirus an engem Labo geziicht ginn ass fir en duerno auszesetzen an déi néideg Impfunge kënnen ze verkafen. Wann een elo bedenkt, dass den nationale Labo fir Biosécherheet zu Wuhan, also do, wou de Virus wuel ausgebrach ass läit, dann ass dat schonn e komeschen Zoufall.

Der Tagesschau no soll do och effektiv mat héichgeféierlechen Erreeger geschafft ginn. Ma esou en Zoufall geet nach laang net duer fir e Beweis ze hunn. Méi wéi d'Lag vun deem Labo hunn d'Verschwierungstheoretiker also net.

Och de Bill Gates soll den Theorien no vun den Infektioune profitéieren. Effektiv huet en Institut, dat vun deem senger Stëftung ënnerstëtzt gëtt e Patent un engem Coronavirus – awer eben net un deem, iwwer dee mir grad schwätzen an deen de poeteschen Numm 2019-nCoV dréit.

Wiem kéint de Virus notzen?
Elo stellen sech der vill d'Fro, wiem de Virus eppes kéint notzen. China jo wuel kaum. Ma verschidden Theorie schwätzen dovun, dass et d'USA waren, déi de Virus ausgesat hunn, fir esou am Handelssträit vu méi engem schwaache China kënnen ze profitéieren. Ma och dat ass net méi wéi eng onbewissen Theorie.

Am wahrscheinlechsten ass d'Erklärung, dass sech de Virus vun engem Déieremaart zu Wuhan ausgebreet huet. Ma well och dat net bewisen ass, menge vill Leit, dass méi dohannert stécht.

WHO geet géint Falschmeldunge vir
Esou ginn et z.B. Gerüchter, dass de Virus duerch Waasser nach méi schlëmm gëtt, dass seng Geféierlechkeet vun den Autoritéiten erofgespillt ginn ass, oder dass Handystrahle solle Schold sinn.

Och wa verschidde Bäiträg et gutt mengen, esou enthalen der vill Hallefwourechten, déi dozou bäidroen d'Leit nach méi ze veronsécheren.

D'WHO huet an deem Sënn eng Rëtsch Falschinfromatioune gesammelt fir op d'mannst déi richteg ze stellen.