Den 11.2 ass Safer Internet Day. Eldoradio beschäftegt sech an deem Kader mam Thema "Sexting".

Et beschreift den Austausch vu méi intime Messagen, Fotoen an och Videoen iwwert de Smartphone an déi sozial Netzwierker: Riets geet vu

. Zil ass et, bei deem, deen de Message kritt, Kappkino ze provozéieren.

Lauschtert eran!

Et ass eng vun de modernste Forme vum Flirten. Zemools bei Jonken ass Sexting beléift, esou d'Barbara Gorges-Wagner vum

"Der Austausch von intimen Bildern per Smartphone - das ist normal, das gehört dazu. Was man sagen kann, ist, dass Sexting wirklich steigende Tendenzen hat".

Gemellte Fäll just Spëtzt vum Äisbierg

Der Responsabeler vum KJT no si bei der BEE SECURE Helpline 2018 am Ganzen 8 Fäll gemellt ginn, 2019 waren et der 15. Wéi de Claude Weis, Chefkommissär bei der Jugendschutzsektioun bei der Police judiciaire eis géintiwwer erkläert huet, géifen et bei hinne keng konkret Zuele ginn. Ma d'Fäll, déi der Police gemellt ginn, wiere just d'Spëtzt vum Äisbierg. Fir d'Police wier et schwéier, d'Fäll opzeklären, grad wann d'Material a private Gruppen ënnerwee ass.

An deem Sënn sot hien, datt Sexting an der Tëschenzäit zu Lëtzebuerg en Nationalsport wier. Wéi d'Barbara Gorges-Wagner weider erkläert, géifen d'Fotoen awer och dacks fir e ganz aneren Zweck genotzt ginn: "Wo wir sehr viel mit Sexting zu tun haben ist im Kontext von Cyber-Bullying. Also wo dann Bilder, die Jugendliche sich gegenseitig zugeschickt haben, dann auch benutzt werden, um dann jemanden zu mobben."

Sexortion a Cyber-Bullying och en Thema

Wa Sexting zemools bei de Jonke virkënnt, heescht dat net, datt déi Erwuessen et net maachen. Hei geet dacks vu Sexortion riets, der sexueller Online-Erpressung. Esou Fäll sinn esou wuel vu Jugendlechen ewéi vun Erwuessenen der BEE SECURE Helpline gemellt ginn: "Im vergangenen Jahr hatten wir 'ne richtige Welle von Sexortion, also wo wir ganz viel damit zu tun hatten, dass eben auch Erwachsenen, die Bilder ins Netz gestellt hatten von sich, danach eben erpresst wurden."

Datt zwee Mënschen intim Opname mateneen austauschen ass wuel bei ville Koppelen normal. Ma och Persounen, déi sech nach net laang kennen, deelen esou Messagen an och dat ass näischt Neies. Ma dat, wat sech an eiser Zäit geännert huet, ass d'Schnellegkeet, mat där esou Opname weidergeleet kënne ginn. A wat eemol am Internet gelant ass, kritt ee vun do net méi esou einfach fort.

Du goufs Affer vu Sexting a wëlls dech engem uvertrauen? Mell dech bei der BEE SECURE 

(8002 1234), bei der BEE SECURE

, beim 

(116111) oder bei der Police.