Beim Sexting muss een op eng ganz Partie Saachen opzepassen, wann ee wëll, datt déi privat Opnamen och privat bleiwen.

Ech schécken dir mäi Bild a ginn dovunner aus, dass dat ënnert eis bleift - beim Sexting ass dat ee vun den Haaptgedanken, deen ee huet, wann een enger anerer Persoun intim Fotoe schéckt. Ma Bezéiunge ginn op en Enn, sief dat déi méi seriö grad wéi déi manner seriö. Deem muss ee sech besonnesch an deem Fall bewosst sinn, seet d'Barbara Gorges-Wagner vum

: "Wenn intime Fotos mal im Netz sind, dann hat man im Grunde die ganze Kontrolle über sein eigenes Material verloren."

Kee Gesiicht oder soss markant Mierkmoler weisen

De sécherste Wee ass näischt ze riskéieren a kengem esou Opnamen ze schécken. Et geschitt méi séier wéi ee mengt an et ass natierlech och näischt Verwerfleches dodrun. Et muss ee sech awer den eventuelle Risiken a Konsequenze bewosst sinn an esou kann een am Virfeld oppassen, wéi een intim Fotoe verschéckt: "Wäre wirklich ein ganz ganz wichtiger Hinweis, dass man auf keinen Fall das Gesicht sehen sollte oder so Erkennungsmerkmale wie ein Tattoo oder so, wo andere erkennen können, wer auf diesem Bild ist."

Och esou eege Fotoen ënner 18 Joer verschécken ass strofbar

Wann een et mécht soll ee selwer also esou mann ewéi méiglech erkennbar sinn. Ma dem Barbara Gorges-Wagner no ass ville Jonken awer eppes net bewosst: Ënner 18 Joer mécht ee sech och strofbar, wann ee Fotoe verschéckt op deenen ee selwer plakeg ze gesinn ass: "Unter 18 Jahren macht man sich strafbar, wenn man Nacktfotos verschickt, von sich selbst oder von anderen. Im Code pénal kann man das wiederfinden. Das zählt zu sexuellem Missbrauch."

Kritt een esou Material, soll een et direkt läschen

D'nämmlecht ass am Code pénal nozeliesen, datt et eng Strofdot ass, esou Opname vun anere Persounen ouni hir Autorisatioun weiderzeverschécken. An deem Fall verstéisst ee géint d'Recht um eegene Bild. Och mécht ee sech strofbar, wann een esou Material besëtzt. Wann een esou Opname geschéckt kritt, soll ee se direkt läschen, esou d'Ausso vun der Police. Nieft der Strofdot mécht een awer och nach eppes aneres: Et spillt ee mat de Gefiller an der Privatsphär vun där Persoun, déi engem eigentlech vertraut huet.

Du goufs Affer vu Sexting a wëlls dech engem uvertrauen? Mell dech bei der BEE SECURE 

(8002 1234), bei der BEE SECURE 

, beim 

(116111) oder bei der Police.