"Wéi e Fësch, deen u Land gespullt gouf" - D'Vicky aus der Eldo-News-Redaktioun erzielt wéi et war ouni Smartphone ze liewen.

Am Kader vum Weltdag ouni Telefon hat d'Catherine aus dem Eldo-Nomëtteg säi Smartphone fir bësse méi wéi 24 Stonnen ofginn. Hatt wollt einfach mol wësse wéi et ass en Dag laang ouni dee klengen Display mussen auszekommen, well si mer mol éierlech hatt, genee esou wéi déi meescht Leit hautdesdaags, hänke vill ze dacks drop. Op eisem Telefon hu mer gefillt eist hallef Liewen, mir kommunizéieren domat, mir schreiwen eis Saachen op, deele Momenter via social media, et ass eis Auer a mir huelen e bal ëmmer an iwwerall mat. Deemno mierkt ee séier wann een drop verzicht - Ma wéi ass dat wann ee ganzer 3 Méint laang op säin Telefon verzicht?

Dat wollt d'Vicky d'lescht Joer wëssen an huet sech vu sengem Smartphone getrennt. Enn Dezember wéi jidderee sech scho seng gutt Virsätz iwwerluecht huet ass bei him d'Iddi opkomm einfach mol op säin Handy ze verzichten, an dat ganzer 3 Méint laang. Esou huet hatt senger Schwëster säin Handy ofginn, e gouf an e Schaf geluecht an effektiv eréischt 3 Méint duerno nees ugemaach.

Lauschtert eran

D'Vicky schwätzt ganz positiv vun dëser Erfarung a war virun allem iwwerrascht wéi d'Leit ronderëm et bei senger Aktioun ënnerstëtzt hunn. D'Angscht, datt et sech ouni Handy géif vun aneren distanzéiere war deemno total onbegrënnt an och dat eegent Verlaangen no engem Smartphone hätt sech séier geluecht. Allerdéngs huet et och gemierkt a wat fir Situatiounen een op en Telefon ugewisen ass.

Ob d'Vicky nach emol 3 Méint op säin Handy verzichte géif, wat fir Schwieregkeeten et wärend där Zäit hat an ob et dës Aktioun weiderempfehle kéint, dat huet et dem Catherine live am Eldo-Nomëtteg verroden.

Dem Vicky säi Fazit